Stärestroum

Vu Wikipedia
Stärestréim am Mëllechstroossesystem, entdeckt am Joer 2007

Als Stärestroum gi Stärenassociatiounen (also labber Gruppéierunge vu Stäre mat bal de selwechte physikaleschen Eegenschaften, oder Beweegungskéip bezeechent, déi an enger änlecher Beweegungsrichtung a Vitess eng Galaxie ëmkreesen. Och laanggestreckt Waasserstoffwolleke si méiglech. Si entstinn aus Zwerggalaxien oder Kugelstärekéip, déi duerch Gezäitekräften auserneegerass a laanscht hir Bunn verdeelt goufen.

Lëscht vu Stärestréim am Mëllechstroossesystem[änneren | Quelltext änneren]

Bekannt Stärestréim am Mëllechstroossesystem
Numm Urspronk Mass (M) Längt (Lj.) Zesummesetzung Entdeckt
Arkturus-Stroum Fréier Zwerggalaxie Onbekannt Unbekannt Al metallaarm Stären 1971
Magellan-Stroum Magellanesch Wolleken 200 Milliounen 1 Millioun Waasserstoffgas 1972
Sagittarius-Stroum Elliptesch Sagittarius-Zwerggalaxie 100 Milliounen 1 Millioun Gemëscht
Stärentyppen
1994
Helmi-Stroum Fréier Zwerggalaxie 10 bis 100 Milliounen Méifach ëm de
Mëllechstroossesystem
gewéckelt
Al Stären 1999
Palomar-5-Stroum Kugelstärekoup Palomar 5 5000 30.000 Al Stären 2001
Virgo-Stroum Fréier Zwerggalaxie 30.000 2001
Monoceros-Rank Canis-Major-Zwerggalaxie 100 Milliounen 200.000 Stäre vu
mëttlerem Alter
2002
Anticenter-Stroum Fréier Zwerggalaxie Onbekannt 30.000 Al Stären 2006
NGC-5466-Stroum Kugelstärekoup NGC 5466 10.000 60.000 Ganz al Stären 2006
Weesestroum Zwerggalaxie Ursa Major II 100.000 20.000 Al Stären 2006
Acheron-Stroum Kugelstärekoup 2007
Cocytus-Stroum Kugelstärekoup 2007
Lethe-Stroum Kugelstärekoup 2007
Styx-Stroum Fréier Zwerggalaxie 2007

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie