Stéphane Mallarmé

Vu Wikipedia
Stéphane Mallarmé
Gebuertsnumm Étienne Mallarmé
Gebuer 18. Mäerz 1842
Paräis
Gestuerwen 9. September 1898
Fontainebleau
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Dichter, Iwwersetzer, Schrëftsteller, Literaturkritiker, Konschtkritiker, Lycéesprofesser, Illustrateur

Den Étienne ("Stéphane") Mallarmé, gebuer den 18. Mäerz 1842 zu Paräis a gestuerwen den 9. September 1898 zu Vulaines-sur-Seine, bei Fontainebleau, war e franséischen Dichter, Konschtkritiker[1], Professer an Iwwersetzer. Hien zielt zu de wichtegste franséische symbolisteschen Dichter, deem säi Wierk eng ganz Rëtsch revoutionär nei Konschtrichtungen am fréien 20. Joerhonnert beaflosst huet, wéi de Kubismus, Futurismus, Dadaismus an de Surrealismus.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

De Stéphane Mallarmé war Engleschprofesser an engem Lycée. Hie war net räich, mä seng Salonen, hunn eng sëllege bedeitend Intellektuell a Kënschtler zesummebruecht. Se goufe les Mardistes genannt, well s'ëmmer op engem Dënschdeg zesummekoumen. Zu de reegelméissegen Invitéën hunn ë. a. de W.B. Yeats, de Rainer Maria Rilke, de Paul Valéry, de Stefan George, de Paul Verlaine an nach vill anerer gezielt.

Stil[änneren | Quelltext änneren]

Édouard Manet, Portrait de Stéphane Mallarmé, 1876.

Dem Mallarmé seng fréi Wierker ware vum Charles Baudelaire, dem Virleefer vum Symbolismus, beaflosst. Seng Wierker aus dem leschte Joerzéngt gräife stilistesch viraus op d'Fusioun vun der Poetik mat anere Konschtformen. Hien huet jorelaang d'Relatioun tëscht Inhalt a Form erfuerscht, tëscht dem Text an der Aart a Weis, wéi d'Wierder an d'Zeilen op enger Säit ofgebilt géifen, wéi dat exemplaresch bei sengem Gedicht Un Coup de Dés Jamais N'Abolira Le Hasard (1897) ze gesinn ass. Och de Klang an d'Musikalitéit, inklusiv d'Spill mat Homophonien, spillen eng wichteg Roll.

Afloss[änneren | Quelltext änneren]

Dem Mallarmé seng Gedichter hunn eng Rei Musikstécker inspiréiert, wéi z. B. dem Claude Debussy säi Prélude à l'après-midi d'un faune (1894), eng fräi Interpretatioun vu sengem Gedicht L'après-midi d'un faune (1876). De Maurice Ravel huet déi an den Trois poèmes de Stéphane Mallarmé (1913) musikalesch verschafft.

Dem Man Ray säi leschte Film, Les Mystères du Château de Dé (1929), war staark vum Mallarmé sengem Wierk beaflosst.

Kritiker wéi de Roland Barthes hu sech konzeptuell um Mallarmé orientéiert, wa se vu la mort de l'auteur schwätzen, an eng strukturalistesch an dekonsruktivistesch Approche zum Schreiwen an der Analys dovun applizéieren. Och de Jacques Derrida, Julia Kristeva, Maurice Blanchot a sprziell de Jacques Lacan verdanke vill dem Mallarmé senge Gedichter.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Franséisch Iwwersetzung vum Edgar Allan Poe sengem The Raven mat Illustratioune vum Édouard Manet.
  • L'après-midi d'un faune, 1876
  • Les Mots anglais, 1878
  • Les Dieux antiques, 1879
  • Poésies, 1887
  • Divagations, 1897
  • Un coup de dés jamais n'abolira le hasard, 1897
  • Pour un tombeau d'Anatole, 1961 (posthum, gouf net fäerdeg)

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Hendrik Lücke: Mallarmé - Debussy. Eine vergleichende Studie zur Kunstanschauung am Beispiel von „L'Après-midi d'un Faune“. (= Studien zur Musikwissenschaft, Bd. 4). Dr. Kovac, Hamburg 2005, ISBN 3-8300-1685-9.
  • Alain Badiou: "A Poetic Dialectic: Labîd ben Rabi'a and Mallarmé" and "Philosophy of the Faun". In Handbook of Inaesthetics. Trans. Alberto Toscano. Stanford: Stanford University Press, 2005. 46-56, 122-41.
  • Maurice Blanchot: "The Myth of Mallarmé". In The Work of Fire. Stanford: Stanford University Press, 1995. 26-42.
  • Malcolm Bowie: Mallarmé and the Art of Being Difficult. Cambridge: Cambridge University Press, 1978.
  • Cohn, Robert Greer, ed. Mallarmé in the Twentieth Century. Associate ed. Gerard Gillespie. Madison, NJ: Fairleigh Dickinson University Press, 1998.
  • Jacques Derrida: Dissemination. Chicago: University of Chicago Press, 1981.
  • Julia Kristeva: La révolution du langue poétique: l'avant-garde à la fin du XIXe siècle: Lautréamont et Mallarmé. Paris: Seuil, 1974.
  • Lloyd, Rosemary. Mallarmé: The Poet and his Circle. Ithaca, NY: Cornell University Press, 1999.
  • Jean-Pierre Richard: L'univers imaginaire de Mallarmé. Paris: Éditions du Seuil, 1961.
  • Graham Robb: Unlocking Mallarmé. New Haven: Yale University Press, 1996.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Stéphane Mallarmé – Biller, Videoen oder Audiodateien
  • Mallarme.net Texter vun de meeschte Gedichter a Commentairen.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Lloyd James Austin, Essais sur Mallarmé, S. 233