Stéphanie Kovacs

Vu Wikipedia
Stéphanie Kovacs
Gebuer 3. Mäerz 1977
Aktivitéit Historiker

D'Stéphanie Kovacs, den 3. Mäerz 1977 zu Déifferdeng gebuer, ass eng lëtzebuergesch Geschichtsprofessesch an Historikerin.

Formatioun a Karriär[änneren | Quelltext änneren]

No hirem Secondaire am Lycée Hubert-Clément zu Esch-Uelzecht huet d'Stéphanie Kovacs Geschicht um Centre universitaire zu Lëtzebuerg an op der Universitéit vu Stroossbuerg studéiert. Si gëtt sech haaptsächlech mat der Geschicht vun de lénksextremen Organisatiounen am Lëtzebuerger Land of. Si ass zanter 2007 "Professeur-détaché" (vum Lycée technique d'Esch-sur-Alzette) an der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik an do Responsabel vum Service éducatif, deen ë. a. Visitë vu Schoulklassen an der Nationalbibliothéik organiséiert.[1]. D'Stéphanie Kovacs huet en Doktorat vun der Universitéit Lëtzebuerg an ass zanter 2007 am Fuerschungsprojet Terres rouges - Histoire de la sidérurgie luxembourgeoise, coordonéiert vum Centre d'études et de recherches européennes Robert Schuman, aktiv agebonnen.

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Communisme et anticommunisme au Luxembourg (1917-1932) ; Bartreng (Drock: Rapidpress), 2002; 458 Säiten.
  • L'extrême gauche au pouvoir - Stratégie et politique du Parti communiste luxembourgeois de la fin de la Seconde Guerre mondiale au début de la Guerre froide (1945-1947) ; Lëtzebuerg, 2010; 356 Säiten. ISBN 978-2-8106-1095-2
  • «La perception de l'image d'un parti est fragile et volatile». Interview mat der Stéphanie Kovacs iwwer hir Recherchen iwwer d'Kommunistesch Partei Lëtzebuerg, publizéiert am Le Quotidien vum 25. Mee 2010.
  • La place des immigrés dans le discours politique du PCL et du FLA dans l'immédiat après-guerre (1945-1947): mise en avant ou occultation? ; in: Mutations - Mémoires et perspectives du bassin minier, Nr.4 / (Lëtzebuerg) 2012: Solidarité entre étrangers - Solidarité avec les étrangers: Du mutualisme associatif à l'engagement politique et syndical, Ss. 79 - 81.
  • Le Dr Charles Marx (1903-1946), médecin, résistant, ministre - Parcours hors pair d'un 'patriote' luxembourgeois et sa place dans la mythologie politique du Parti Communiste Luxembourgeois (PCL) après 1945; in: Histoire & Mémoire, Les cahiers du CDREF (erausgi vum Centre de documentation et de recherche sur l'enrôlement forcé/Ministère d'État), n° 5. [Lëtzebuerg] 2015, Ss. 12-17.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Henri Wehenkel, 1945-47: les communistes aux portes du pouvoir ; in: forum, Nr.299 (September 2010), Ss. 23-28 (ill. + Referenzen).

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. https://web.archive.org/web/20101221233711/http://www.bnl.public.lu/fr/services/initiations-et-visites-guidees/index.html Nationalbibliothéik Lëtzebuerg (www.bnl.lu)