Stëftung Hëllef fir d'Natur

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Den historesche Logo (bis 2012) an de Motto vun der Stëftung Hëllef fir d'Natur.
Riets d'Logoe vun de 4 Grënnungsorganisatiounen an engem Kléiblat

D'Stëftung Hëllef fir d'Natur, offiziell Fondation Hëllef fir d'Natur, ass eng lëtzebuergesch Stëftung mat Aktivitéiten am Beräich vum Naturschutz. Et ass eng Stëftung ouni Gewënnzweck a si ass als Organisme d'utilité publique unerkannt. Si schafft zënter 2012 ënnert engem gemeinsame Logo mat natur&ëmwelt zesummen.

Inhaltsverzeechnes

Geschicht[änneren]

D'Stëftung gouf 1982 gegrënnt a gouf bis 2012 vu véier Organisatioune gedroen: Natura, Lëtzebuerger Natur- a Vulleschutzliga, Société des naturalistes luxembourgeois an AAT - Garten- und Teichfreunde Luxemburgs. Zënter hirer Fusioun am Joer 2012 ginn déi zwou éischt Organisatiounen duerch natur&ëmwelt ersat.

D'Fondatioun huet hire Sëtz am Haus vun der Natur op der Kockelscheier, mat Aussestellen zu Hengescht, um Sennengerbierg (Biologesch Statioun - Naturzenter SIAS) an zu Schwéidsbengen (Zenter fir ekologesche Gaardebau Schwéidsbengen).[1]

President vum Verwaltungsrot ass de Frantz Charles Muller, Direkter ass de Gilles Weber. D'Stëftung beschäftegt ronn 20 Employé(e)ën.

D'Stëftung ass virun allem aktiv zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun. D'Aktivitéite vun der Stëftung gi finanzéiert mat Spende vu Privatleit, vu Sponsoren aus der Privatwirtschaft, an iwwer eng Konventioun mam Ëmweltministère. Eenzel Projete gi cofinanzéiert vun der Europäescher Kommissioun (z. B. Life- a Leader-Projeten).

De Groussherzog Henri huet 2008 den Haut Patronage vun der Stëftung iwwerholl.

Zënter dem September 2010 trëtt d'Fondatioun zesumme mat dräi aner Naturschutzorganisatiounen ënner dem Numm natur&ëmwelt am Beräich Natur- an Ëmweltschutz op.

D'Stëftung war 2011 Grënnungsmember vun Don en confiance Luxembourg.

Ziler[änneren]

Ziler vun der Stëftung sinn:

  • d'Kafen an d'Gestioun vun ecologesch wäertvollen Terrainen;
  • d'Realisatioun vun ecologesche Studien a Fuerschungsaarbechten;
  • d'Informatioun vum Public iwwer den Naturschutz a seng Sensibiliséierung fir d'Protektioun vun der Natur.

Haaptzil vun der Stëftung ass d'Kafe vun Terrainen déi als Naturreservater ugeluecht a geréiert ginn. Enn 2010 ass d'Stëftung Proprietaire vun eppes iwwer 1000 ha Land zu Lëtzebuerg.[2]

Enn 2009 war d'HFN Proprietaire vu ronn 925 ha Terrainen. Dovunner [1]

An der Moyenne huet d'Stëftung zanter hirer Grënnung all Joer ronn 40 ha Terrain opkaaft. Am Ganzen huet se duerfir 4 Milliounen Euro investéiert. Den Ënnerhalt vun de Reservater huet bis 2008 ronn 2 Milliounen Euro kascht.[3]

Presidente vun der Stëftung[änneren]

Historique[änneren]

  • 1954: fir Naturschutzzwecker huet d'Lëtzebuerger Natur- a Vulleschutzliga, representéiert duerch den Henri Rinnen, éischt Terrainen kaaft, virun allem naass Wisen, Dréchenzonen an Heckegebidder. Déi Terraine sinn haut am Besëtz vun der Hëllef fir d'Natur.
  • 1982: d'Lëtzebuerger Natur- a Vulleschutzliga, representéiert duerch hire President Henri Rinnen, huet zesumme mat 21 anere Persounen d'Stëftung Hëllef fir d'Natur gegrënnt[4]. Dréier vun der Stëftung sinn d'Natura an d'Lëtzebuerger Natur- a Vulleschutzliga. Éischte President vum Verwaltungsrot vun der Stëftung gouf de Camille Dimmer.
  • 1983: d'Stëftung krut d'Utilité publique zouerkannt.
  • 1984: duerch en Arrêté grand-ducal gouf festgeluecht, datt d'Donen un d'Stëftung vun de Steiere kënnen ofgehale ginn.
  • 1985: d'Fondatioun huet, zesumme mam Naturmusée an deem deemolege Ministère de la culture et de l'enseignement supérieur et de la recherche, de Präis Hëllef fir d'Natur gegrënnt, deen zënterhier all Joer vergi gëtt.
  • 1986: Fusioun vun der Stëftung Hëllef fir d'Natur mat der Fondation Natura, déi vun der Natura an dem WWF-Lëtzebuerg gedroe gouf an déi déiselwecht Ziler hat. D'Terraine vun der Fondation Natura ginn an de Besëtz vun der Hëllef fir d'Natur iwwer. De WWF-Lëtzebuerg kënnt als Dréier vun der Fondatioun bäi.
  • 1986 : nodeems de WWF-Lëtzebuerg seng Aktivitéiten agestallt huet, ass en duerch d'Société des naturalistes luxembourgeois als Dréier vun der Fondatioun ersat ginn.
  • 1986: d'Stëftung Hëllef fir d'Natur huet, zesumme mat siwen anere Veräiner, d'A.s.b.l. Haus vun der Natur gegrënnt, déi zesumme mat der Stad Lëtzebuerg de Projet vun engem Informatiounszenter am Beräich vun der natierlecher Ëmwelt an de Gebaier vum Kräizhaff op Kockelscheier lancéiert huet.
  • 1989: d'Stëftung huet eng éischt Konventioun mam Ëmweltministère ënnerschriwwen, fir d'finanziell Hëllef vum Staat ze regléieren.
  • 1994: d'Stëftung huet, zesumme mat aacht aneren Associatiounen, hire Sëtz an dat neit amenagéiert Haus vun der Natur op der Kockelscheier verluecht.
  • 1997: d'Stëftung huet eng nei Konventioun mam Ëmweltministère ënnerschriwwen.
  • 1997: de Frantz Muller huet vum Camille Dimmer d'Presidentschaft vum Verwaltungsrot vun der Stëftung iwwerholl.
  • 2008: d'Stëftung huet hire 25. Anniversaire gefeiert. Bei där Geleeënheet koum e Buch mat dem Historique vun der Stëftung an engem Iwwerbléck iwwer d'Aktivitéiten eraus.[3]
  • 2013: de Claude Meisch huet vum Frantz Muller d'Presidentschaft vum Verwaltungsrot vun der Stëftung iwwerholl. [5]

Illustratiounen[änneren]

Literatur[änneren]

  • Michaelis, Brigitte (Koord.), 2008. Fondation Hëllef fir d'Natur. 298 S. Dréckerei Faber, Miersch. [Ouni ISBN]

Kuckt och[änneren]

Um Spaweck[änneren]

Referenzen an Notten[änneren]

  1. 1,0 1,1 Fondation Hëllef fir d'Natur, Rapport annuel 2009. Regulus 2 2010
  2. Luxemburger Wort vum 15. Oktober 2010, S. 33, Ënnertitel: Stiftung erreicht symbolische Marke von 1000 Hektar Naturschutzgebiet.
  3. 3,0 3,1 Michaelis, B. (Koord), 2008.
  4. Notariellen Akt vum 14. Dezember 1982.
  5. natur&ëmwelt: Roby Biwer und Claude Meisch neue Präsidenten von natur&ëmwelt. Frantz Charles Muller neuer Ehrenpräsident von natur&ëmwelt. [1]