St. Stephans Basilika

Vu Wikipedia
D'Basilika vu Budapest

D'St. Stephans Basilika (ungar.: Szent István-bazilika) ass déi gréisst Kierch vu Budapest.

Et huet méi wéi en halleft Joerhonnert gedauert bis d'Kierch fäerdeg gebaut war.

No engem neoklassisteschen Entworf vum Jósef Hilds hunn d'Aarbechten ugefaangen, déi no sengem Doud vum Miklós Ybl weidergefouert goufen.

1868 ass déi bal 100 m héich Kuppel bei engem Stuerm agefall an huet déi hallef fäerdeg Kierch bal ganz zerstéiert.

Nom Ybl sengem Doud huet de József Kauser de Bau zu Enn bruecht an ass 1905 fäerdeg ginn.

2003 gouf eng opwendeg Restauréierung vun der Kierch an der Plaz wou se steet ofgeschloss.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Saint Stephen's Basilica (Budapest) – Biller, Videoen oder Audiodateien