Staatlech Pressehëllef
Staatlech Pressehëllef ass eng finanziell Subventioun, déi de Lëtzebuerger Staat den Editeure vu bestëmmten Presse-Produkter (Zeitungen an Zäitschrëften), entspriechend Critèren, déi duerch e Gesetz definéiert sinn, gëtt. 2009 war de Gesamtbetrag fir d'Pressehëllef 7 754 499 Euro.
D'Zil vun der staatlecher Pressehëllef ass et, de Meenungspluralismus an der Press esouwäit wéi méiglech oprecht ze erhalen. Hannergrond ass, datt vill Presseorganer zu Lëtzebuerg enger politescher Stréimung oder Partei nostinn. Well de Maart fir lëtzebuergesch Zeitunge limitéiert ass, hätte besonnesch Zeitunge mat méi niddregen Oploen, déi méi "klenge" Parteien nostinn, et schwéier, z'iwwerliewen.
Dofir gouf 1976 e Gesetz gestëmmt, dat 1998 duerch en neit ersat gouf. Deemno setzt sech d'Pressehëllef aus zwee Deeler zesummen: Aus engem Grondbetrag, dee fir all Zeitungen an Zäitschrëften, déi Pressehëllef kréien, d'selwecht ass, an e proportionnellen Deel, dee fir d'Säiten mat redaktionnellem Inhalt vergi gëtt.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Konditiounen fir der ze kréien
Fir kënne Pressehëllef ze kréien, muss e Periodique zu Lëtzebuerg an op d'mannst eemol d'Woch erauskommen, allgemeng Informatioune verbreeden an haaptsächlech an enger vun den 3 Haaptsprooche vum Land geschriwwe sinn. Weider muss e vun enger Redaktioun vun op d'mannst 5 fest ugestallten Journalisten geschriwwe ginn. Gratis verdeelten Drécksaache falen net drënner.
[änneren] De Schlëssel fir d'Berechnung vum Betrag
D'Berechnung fir d'Montanten, déi als Pressehëllef un déi eenzel Presseorganer bezuelt ginn, baséiert nieft der Oplo vum respektive Presseorgan, op engem Referenzbetrag, dee fir all Joer duerch e Règlement Grand-Ducal fixéiert gëtt. Fir dëse Referenzbetrag pro Joer ze berechne gëtt zënter 1999 d'Zomm vun de Käschte fir fënnef haaptberufflech Journalisten an de Präis fir 120 Tonne Pabeier geholl. De Grondbetrag, deen all Presseorgan kritt, ass een Drëttel vum Referenzbetrag. De propotionnelle Betrag gëtt gerechent, andeems zwee Drëttel vum Referenzbetrag geholl ginn, dëse Montant mat der Zuel vun de standardiséierte redaktionnelle Saïten (187 680 Quadratmillimeter pro Säit) vum Presseorgan multiplizéiert gëtt, an dann duerch 2325 dividéiert gëtt.
Entwécklung vum Referenzbetrag:
- 1999: 315 568,46 EUR (12 730 000 LUF)
- 2000: 328 087,08 EUR (13 235 000 LUF)
- 2001: 349 281,98 EUR (14 090 000 LUF)
- 2002: 353 550,00 EUR
- 2003: 355 525,00 EUR
- 2004: 361 500,00 EUR
- 2005: 376 500,00 EUR
- 2006: 390 950,00 EUR
- 2007: 404 000,00 EUR [1]
- 2008: 408 000,00 EUR [2]
- 2009: 418 550,00 EUR [3]
- 2010: 426 775,00 EUR[4]
[änneren] Wien der kritt a wéivill
| Organ | Editeur | 2007 (EUR)[5] | 2008 (EUR)[6] | 2009 (EUR)[7] | 2010 (EUR)[8] |
| Luxemburger Wort | Groupe Saint-Paul | 1 494 357 | 1 489 778 | 1 524 658 | 1 500 650 |
| La Voix du Luxembourg | Groupe Saint-Paul | 907 575 | 942 846 | 933 221 | 898 843 |
| Tageblatt | Editpress | 1 634 714 | 1 702 054 | 1 659 554 | 1 642 507 |
| Le Quotidien | Lumedia (50% Editpress) | 1 091 203 | 1 182 487 | 1 197 239 | 1 204 855 |
| Lëtzebuerger Journal | Editions Lëtzebuerger Journal s.a. | 526 010 | 523 533 | 540 421 | 529 621 |
| Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek | Zeitung SA | 334 826 | 346 545 | 353 281 | 355 937 |
| Télécran | Editions Saint-Paul | 334 328 | 335 243 | 375 763 | 376 472 |
| Revue | Editpress | 322 751 | 318 239 | 321 984 | 332 813 |
| d'Lëtzebuerger Land | éditions d'Lëtzebuerger Land | 236 361 | 254 462 | 259 954 | 268 405 |
| Woxx | Grengespoun SC | 203 221 | 226 156 | 230 417 | 233 348 |
| Le Jeudi | Editpress | 336 204 | 368 587 | 358 005 | 349 532 |
| Total | 7 421 549 | 7 689 930 | 7 754 499 | 7 692 983 |
D'Press zu Lëtzebuerg profitéiert weiderhi vu méi niddregen TVAs-Tauxen a Posttariffer, souwéi dovunner, datt de Revenu duerch Reklamm op RTL Tele Lëtzebuerg gedeckelt ass.
[änneren] Um Spaweck
- Gesetz vum 11. Mäerz 1976 (Loi du 11 mars 1976 d'aide directe de l'Etat à la presse écrite)
- Gesetz vum 3. August 1998 (Loi du 3 août 1998 sur la promotion de la presse écrite)
- SIP: Portail Médias et communication - Promotion de la presse (Versioun vum 18-02-2009, gekuckt den 19.03.2009)
[änneren] Referenzen
- ↑ Règlement grand-ducal du 8 février 2008 refixant pour l’année 2007 le montant annuel de référence prévu à l’article 3 de la loi du 3 août 1998 sur la promotion de la presse écrite.
- ↑ Règlement grand-ducal du 22 janvier 2009 portant fixation nouvelle pour l'année 2008 du montant annuel de référence prévu par l'article 3 de la loi du 3 août 1998 sur la promotion de la presse écrite.
- ↑ Règlement grand-ducal du 22 janvier 2009 portant fixation pour l’année 2009 du montant annuel de référence prévu par l’article 3 de la loi du 3 août 1998 sur la promotion de la presse écrite.
- ↑ Règlement grand-ducal du 1er février 2010 portant fixation pour l’année 2010 du montant annuel de référence prévu par l’article 3 de la loi du 3 août 1998 sur la promotion de la presse écrite. Mémorial A n° 141 du 16.08.2010.
- ↑ Rapport d'activités 2007 vum Staatsministère S. 19-20.]
- ↑ d'Lëtzebuerger Land Nr.17, 24. Abrëll 2009, Bäiluecht Communication, S.7.
- ↑ Rapport d'activités 2009 vum Staatsministère S.23.]
- ↑ Rapport d'activités 2010 vum Staatsministère S. 24.