Staatsstreech vun 1856

Vu Wikipedia
Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Staatsstreech vun 1856 gouf de 27. November 1856 vum Wëllem III., Kinnek vun Holland a Groussherzog vu Lëtzebuerg gemaach. Hien huet dobäi d'Opléise vun der Chamber an eng fundamental Revisioun vun der liberaler Constitutioun vun 1848 ordonéiert.

Fir d'Assemblée des États, wat virdrun d'Chamber (Chambre des Députés) war, besser kontrolléieren ze kënnen, huet hien am Artikel 7. vun der Constitutioun vun 1856 e Conseil institualiséiert: "...Il y aura, à côté du Gouvernement, un Conseil appelé à délibérer sur les projets de loi et les amendements qui pourraient y être proposés, ainsi que sur les contestations concernant la légalité des arrêtés et règlements généraux; à régler les conflits d'attribution et les questions du contentieux administratif; et à donner son avis sur toutes autres questions qui lui seront déférées par le Roi Grand-Duc ou par les lois...". Dee Conseil ass d'Origine vum haitege Lëtzebuerger Staatsrot.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]