Stade Achille-Hammerel

Vu Wikipedia
Stade Achille-Hammerel
Koordinaten 49° 36’ 16.64’’ N
      06° 08’ 26.10’’ O
Veräin Racing FC Union Lëtzebuerg
Kapazitéit
Total 6240
Sëtzplazen 840
Ënnergrond Wuess


De Stade Achille-Hammerel ass e Foussballstadion an der Stad Lëtzebuerg an der Rue Auguste-Lumière um Verluerekascht mat ronn 5.800 Plazen, dovun 840 Sëtzplazen.[1] Bis 2005 war et de Stadion vun der Union Lëtzebuerg; haut trainéiert do de Racing FC Union Lëtzebuerg.

De 6. Juni 1971 war do deen éischte Rock-Open-Air-Concert zu Lëtzebuerg, wou ë. a. Deep Purple opgetruede sinn.[2]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Presentatioun vum Stadion op racing-fc.lu
  2. “Deep Purple sehen und sterben...”, wort.lu 26 Mee 2017.