Stadio Olimpico di Torino
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Stadio Olimpico (Olympiastadion) (fréier Stadio Benito Mussolini oder Stadio Comunale) ass e Foussballstadion zu Turin. Et ass e Stadion dee komplett mat Sëtzplazen (27.000) equipéiert ass.
De Stadion ass 2005 fir d'Olympesch Wanterspiller 2006 restrukturéiert ginn. D'Eröffnungsfeier an d'Schlussfeier hunn do stattfonnt.
Bis 2009 hunn Juventus Turin an den FC Torino sech de Stadion gedeelt. Zënter Juventus en eegenen Stadion huet, ass et de Stadion op deem den FC Torino seng Heemspiller ausdréit.
| Commons: Stadio Olimpico di Torino – Biller, Videoen oder Audiodateien |