Stadio Renato Dall'Ara

Vu Wikipedia
Stadio Renato Dall'Ara
Plaz Bologna, Italien
Baujoer 1925
Renovéiert 1989
Koordinaten 44° 29’ 32.3’’ N
      11° 18’ 36.1’’ O
Kapazitéit
Total 36.462

De Stadio Renato Dall'Ara ass e Foussballstadion zu Bologna. De Stadion gëtt ëmgangssproochlech einfach Dall'Ara genannt. De Stadion huet zirka 39.000 Sëtzplazen. D'Foussballfeld ass 105 × 68 m grouss.

De Grondsteen fir de Stadion gouf 1925 geluecht, an en ass den 31. Oktober 1926 opgemaach ginn, ongeféier ee Joer nom Ufank vum Bau. Den Numm gouf 1983 zu Éiere vum fréiere President vum FC Bologna Renato Dall'Ara verginn, ënner deem senger Leedung de Bologna als "squadrone che tremar il mondo fa" ("d'Ekipp déi d'Welt zum ziddre bréngt") berüchtegt war. Ënner senger Leedung (1934 bis zu sengem Doud, 1964), vun 1936 bis 1941 huet de Bologna 4-mol d'Meeschterschaft gewonnen. Och international war de Bologna ënner senger Leedung erfollegräich: eemol den Trophee vun der Weltausstellung zu Paräis 1937 an zweemol de Mitropa Cup (1934, 1961).

De Stadion ass 1990 fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1990 restrukturéiert ginn. Déi aktuell Architektur ass d'Wierk vum Architekt Ulisse Arata.

Et ass de Stadion op dem déi éischt Ekipp vu Bologna, den FC Bologna seng Heemspiller ausdréit.

Den neien Dall'Ara[änneren | Quelltext änneren]

De 25. Januar 2019 huet de President vum Bologna FC, de Kanadier Joey Saputo, ugekënnegt den aktuelle Stadion géif komplett renovéiert ginn. Den neien Dall'Ara wäert Plaz fir 27.000 Leit hunn (29.000 fir Matcher oder Evenementer vun internationalem Kaliber), et soll e renge Foussballstadion ginn, d.h. d'Infrastrukture fir d'Liichtathleetik verschwannen, de Stadion wäert komplett iwwerdaacht sinn, d'Tribüne wäerte just nach 7,5 Meter vum Terrain ewech sinn (aktuell 43,5 Meter), ganz nom englesche Modell. D'Architektur vum aktuelle Stadion gëtt komplett bäigehal, et gëtt e Mix aus Modern an Al. Dat Ganzt wäert e Käschtepunkt vu 70 Milliounen Euro hunn, wouvun der 40 vum Bologna FC, an 30 vun der Gemeng Bologna gedroe ginn. Déi nei Struktur wäert d'Wierk vum Architekt Gino Zavanella sinn, deen och schonn de Juventus Stadium gezeechent huet.[1]

Panorama Vue vum Dall'Ara mam Marathon Tuerm am Hannergrond
Panorama Vue vum Dall'Ara mam Marathon Tuerm am Hannergrond


Referenzen[Quelltext änneren]

  1. (it) Bologna, presentato il nuovo Dall'Ara. Nogekuckt op gazzetta.it den 28. Januar 2019