Stan Laurel

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Stan Laurel

De Stan Laurel, mam richtegen Numm Arthur Stanley Jefferson, gebuer de 16. Juni 1890 zu Ulverston (Vereenegt Kinnekräich) a gestuerwen den 23. Februar 1965 zu Santa Monica, Kalifornien, war e britesche Schauspiller a Komiker, dee virun allem bekannt war als den "Dënnen" vum Komiker-Duo Den Décken an den Dënnen.

De Laurel war de Jong vun engfem britesche Show-Artist. 1910 ass hie fir d'éischte Kéier an d'Vereenegt Staate gaangen, als Member vun der Fred Karno-Trupp, an där och den Charlie Chaplin war. De Laurel ass an den USA bliwwen, wou e Vaudeville-Theater gespillt huet a geleeëntlech a Stommfilmer opgetrueden ass.

1926 huet hie ugefaangen, an de Filmer fir d'Hal Roach-Studioe mam Oliver Hardy zesummenzeschaffen. Si hate geschwënn e grousse Succès als Stommfilm-Kommikerduo. Méi spéit hu si och Tiounfilmer zesumme gemaach. De Stan Laurel war dee kreativen Deel vum Duo, deen am meeschten zu den Dréibicher bäigedroen huet.

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen