Stanley Kubrick

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Selbstportrait vum Stanley Kubrick, Enn vun de 1940er Joer

De Stanley Kubrick, gebuer de 26. Juli 1928 zu New York City a gestuerwen de 7. Mäerz 1999 zu Harpenden, war en US-amerikanesche Filmregisseur.

Hie gouf als en extrem intelligente Jong agestuft, obwuel en an der Primärschoul keng gutt Punkte mat heem bruecht huet. An dem Glawen, datt en anere Kader dem Jong seng schoulesch Leeschtunge géif verbesseren, huet den Jack (e Physiker) säi Jong 1940 op Passadena am Staat Kalifornien geschéckt, fir datt hien do mat sengem Monni Martin Perveler kéint liewen.

Nodeem en awer e Joer méi spéit zréck an d'Bronx komm ass, fir do säi lescht Joer an der Schoul z'absolvéieren, hat et den Uschäin wéi wann hien eng ganz aner Attitüd géintiwwer vun der Schoul a senge schoulesche Leeschtungen hätt.

An der Hoffnung eppes ze fanne wat dem Jong géif gefalen, huet säi Papp hien dem Schach virgestallt, an dat mat dem erhoffte Resultat. De jonke Kubrick huet sech fir dat Spill passionéiert a gouf mat der Zäit zu engem talentéierte Spiller. Schach sollt a sengem spéidere Liewen zu engem wichtege Facteur ginn, net nëmmen als Mëttel fir géint opsässeg Schauspiller unzekommen, mä och als artistescht Motif a senge Filmer.

Dem Jack Kubrick seng Decisioun, dem Stanley e Fotoapparat fir säin 13. Gebuertdaag ze schenken, war keen onintelligente Schachzuch: Hie gouf e begeeschterte Fotograf an huet dacks Tier duerch New York City ënnerholl, fir do eng etlech Fotoen ze maachen, fir se da schlussendlech bei engem Kolleg an der Donkelkummer z'entwéckelen. Nodeem en eng Foto un d'Look Magazine verkaaft krut, huet en ugefaange mam Personal ze kollaboréieren an am Alter vun 17 Joer krut en eng Plaz als Léierbouf offréiert.

An deenen nächsten Joer, krut den jonken Kubrick regulär Uweisunge fir Look a sollt en obsedéierte Kinosgänger ginn. Zesumme mat sengem Kolleg Alexander Singer, huet sech de Kubrick iwwerluecht, de Schrett Richtung Film ze maachen. Am Joer 1951 huet de Kunrick all seng erspuerte Suen opgebraucht fir den Documentaire Day of the Fight ze dréinen. Dee gouf gefollegt vun zwee beoptraagt Filmprojeten, Flying Padre an The Seafarers, an nodeem en erfollegraich no Sponsore gesicht an u Schachturnéiere Praisgeld gewonnen huet, war hie bereet Fear and Desire ze dréien.

D'Dréiaarbechte fir dee Film, waren net immens erfreelech fir de Kubrick. Säi Bestietnes mat senger Schoulfrëndin Toba Metz huet de Film net iwwerlieft. Och wann de Film schlussendlech verschidde Kritiken fir de Film krut, gouf de Kubrick awer fir säin däitlecht Talent als Realisateur gelueft. Seng nächst zwéi Filmer Killer´s Kiss an The Killing hunn him d'Opmierksamkeet vun Hollywood bruecht, an 1957 huet hie Regie gefouert bei Paths of Glory mam Kirk Douglas.

Den Douglas huet hie spéider domat beoptraagt d'Produktion vum Film Spartacus z'iwwerhuelen, an dat an dem Glawen, datt de Kubrick vun der Gréisst vun der Produktioun géif ageschüchtert ginn, an dem Douglas dann deementsprechend entgéintkommen, well dee jo och als Produzent geschafft huet. Mä et sollt ganz anescht kommen. De Kubrick huet de Projet ugeholl an huet wëllen ufänke seng Iddien a Standaren dem Film z'imposéieren. En etlech Membere vum Filmteam waren net ganz begeeschtert vu sengem Stil. De Kameramann Russell Metty z. B. huet sech bei de Produzenten doriwwer beschwéiert, datt de Kubrick seng Aarbecht als Kameramann iwwerholl hätt. Dem Kubrick seng Reaktioun dorop war datt hie sech sollt dohi setzen an einfach näischt maachen. De Metty huet gefollegt an d'Ironie vun der ganzer Saach war déi, datt hie mam Oscar fir seng Kameraarbecht belount gouf.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Stanley Kubrick – Biller, Videoen oder Audiodateien