Star Wars Episode IV: A New Hope
Informatiounen zum Film
| Filmdaten | ||
|---|---|---|
| Originaltitel: | Star Wars Episode IV: A New Hope | |
| Produktiounsland: | USA | |
| Produktiounsjoer: | 1977 | |
| Dauer: | 120 Minutten | |
| Originalsprooch: | Englesch | |
| Equipe | ||
| Regie: | George Lucas | |
| Dréibuch: | George Lucas | |
| Kamera: | Gilbert Taylor | |
| Musek: | John Williams | |
| Produzent: | Gary Kurtz George Lucas Special Edition: Rick McCallum |
|
| Haaptacteuren | Mark Hamill: Luke Skywalker Harrison Ford: Han Solo Carrie Fisher: Princess Leia Peter Cushing: Grandmoff Tarkin Alec Guiness: Obi-Wan Kenobi Anthony Daniels: C-3PO Kenny Baker: R2-D2 Peter Mayhew: Chewbacca David Prowse: Darth Vader James Earl Jones: D'Stëmm vum Darth Vader Phil Brown: Uncle Owen Shelagh Fraser: Aunt Beru Jack Purvis: Jawa |
|
| Filmportal - Film no Joren - Film no Länner | ||
Star Wars Episode IV: A New Hope ass den éischten Deel aus der Star Wars Rei vum George Lucas.
En ass de 25. Mee 1977 an den USA an de Kino komm. Dëse Film huet am Joer 1978 sechs Oscare kritt an et ass ee vun deene Filmer, déi am meeschte Suen abruecht hunn an ass d'Basis fir déi ëmfangräichste Franchise an der Filmgeschicht.
Ursprénglech soll d'Star Wars Rei eng Trilogie ginn, wou "Star Wars" den éischten Deel sollt sinn. Nodeems de Lucas d'Rei no enger laanger Paus vun 16 Joer erweidert huet, ass de Film wéinst der chronologescher Logik op déi véiert Plaz gerutscht. Dofir ass 1997 de Film ënnert dem Numm Star Wars Episode IV: A New Hope verëffentlecht ginn. Mat der Hëllef vun der aktueller Filmtechnik ass de Film mat e puer Spezialeffekter erweidert ginn, och sinn déi Zeenen, déi am Original duerch Maquetten duergestallt goufen, duerch computergeneréiert Zeenen ersat ginn. Wéi de Film am Joer 2004 op DVD verëffentlecht gouf, ass en nach eng Kéier digital beaarbecht ginn. Déi Versioune sinn e puer Minutte méi laang. D'Special Edition vun 1997 an d'original Kinosversioun sinn 2006 als Limited Edition DVD erauskomm.
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Star Wars – Biller, Videoen oder Audiodateien |