Starburstgalaxis

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
HST-Foto vun der Starburstgalaxis Messier 82. Ionisàierte Waasserstoff am vum Starburst geformte 'Superwand' erschéngt rout

Eng Starburstgalaxis (engl Starburst = "Stärenausbroch") ass eng Galaxis, an där méi nei Stäre entstinn, wéi fir eng Galaxis vun dëser Gréisst typesch ass.

D'Ofgrenzung zu normale Galaxien ass net schaarf definéiert. Normalerweis bezeechent een als Starburstgalaxis nëmme Galaxien, deenen hir Stäregebuertsquot sou héich ass, datt si aus dem disponibele Gasproviant net iwwer Milliarde Joer oprechterhale ka ginn. De Begrëff Starburst gëtt munnechmol och op Deelberäicher vu Galaxien mat raimlech begrenzter aktiver Stäregebuert benotzt. Hie verléiert säi Sënn op der méi klenger Skala vu Stärentwéckungsgebidder, wéi si och an normale Spiralgalaxien heefeg sinn.

Déi jonk Stäre vun engem Starburst emittéiere staark am Ultraviolettberäich vun der elektromagnéitescher Stralung an ioniséieren grouss Deeler vun der interstellarer Matière vun der Galaxis. Vill Starburstgalaxien hunn awer esou vill Stëbs, datt de gréissten Deel vun der Liichtkraaft vun de jonke Stären vum Stëbs absorbéiert an iwwer 90% vun hirer ganzer Energie am wäiten Infrarout nees ofgestralt gëtt. Starbursts vun diversen Eegeschaften goufen dofir an Himmelsduerchmusterungen am Ultraviolett (z. B. duerch Benjamin Markarjan a senge Mataarbechter an den 1960er Joeren) oder am wäiten Infrarout (besonnesch duerch IRAS) entdeckt. Vill Infraroutgalaxien sinn Starburstgalaxien. E bekannt Beispill ass Messier 82.

Wiesselwirkung a Verschmëlzen vu Galaxien kënnen Starbursts ureegen, genausou wéi Gasstréim laanscht de Balken vu Balkenspiralgalaxien. Ennersich vu Starburstgalaxien befaassen sech ënner anerem mat der Massenverdeelung vun de neigeformte Stäre, den an Starbursts entstoenden kompakten masseräiche Stärekoup a mat där duerch Stralung a Stärewanden entstoender Réckkopplung op dat interstellart an intergalaktescht Medium. Duerch d'Stärewande a Supernovaexplosiounen an enger Starburstgalaxis kann en Deel vun hirem interstellare Medium sou staark opgeheizt ginn, datt et si an engem Superwand verloosse kann.

Kuckt och [änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie