Startramp (Rakéit)

Vu Wikipedia
Saturn-V-Rakéit mat Startramp

Startrampe fir Rakéite sinn transportabel oder fest installéiert Gerëschter, déi d'Rakéit bis kuerz virun hirem Start fixéieren. Versuergungsleitungen a Moosskabele mat deenen d'Rakéit verbonnen ass, ginn deelweis eréischt direkt nom Start getrennt.

Ariichtunge fir ongesteiert a gesteiert Rakéiten[änneren | Quelltext änneren]

Ongesteiert an duerch einfach Leetwierker gesteiert Rakéite musse méiglechst séier aktivéiert ginn, well se d'Loftstréimung fir d'Stabiliséierung vun hirer Fluchbunn brauchen. Dofir gëtt et Startrampen, an déi ee Katapult fir Acceleréierung vum Fluchkierper agebaut ass. Alternativ kann och e Starttuerm d'Féierung vun der Rakéit iwwerhuelen. Startrampe fir gesteiert Rakéiten hunn nëmmen e Revisiounsgerëscht (Versuergungstuerm, Montagetuerm).

Fest installéiert Startrampen[änneren | Quelltext änneren]

Fir gréisser Rakéite gi Startrampen op enger grousser betonéierter Fläch fest installéiert. D'Rakéit steet op enger dëschähnlecher Konstruktioun, dem sougenannte Startdësch.

Fir de Start vu Flëssegkeetsrakéite mussen d'Startrampen ëmmer een aus Sécherheetsgrënn teleguidéiert Betankungssystem hunn. Zu jiddwer Startramp gehéiert e Startleetstand. Dee Leetstand ass entweeder an engem Bunker oder an engem gepanzerte Gefier. En ass do fir d'Startprozedur an d'Iwwerwaachung vum Rakéitefluch auszeféieren.

Mobil Startrampen[änneren | Quelltext änneren]

Eng mobil Rakéitestartramp ass e Gefier, dat eng oder méi meeschtens militäresch Rakéite dréit, déi op d'Zil ausriichten an direkt vum Gefier aus starte kann.

Am Engleschen existéieren d'Bezeechnungen TEL (transporter erector launcher) an TELAR (transporter erector launcher and radar), woubäi déi lescht och en eegestännegt Radarsystem viraussetzt. Beispiller dofir sinn d'Fluchofwierrakéitesystemer wéi d'MIM-104 Patriot oder Tor M1.

Bei Buedem-Buedem-Rakéite ginn TELen souwuel fir ballistesch Rakéite wéi och fir Méifachrakéitewerfer benotzt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Startrampe – Biller, Videoen oder Audiodateien
Commons: Mobil Rakéitestartrampe – Biller, Videoen oder Audiodateien