Stauséi Santa Caterina

Vu Wikipedia
D'Staumauer
Ee vun de Léiwen op der Staumauer.

De Stauséi Santa Caterina ass e Séi bei Santa Caterina südlech vun Auronzo di Cadore, an der italieenescher Provënz Belluno.

De Séi ass entstane wéi am Dall vum Floss Ansiei tëscht 1930 an 31 e Barrage gebaut gouf.

D'Staumauer ass eng Gewiichstaumauer déi e liichte Bou mécht. D'Maximalstauhéicht ass 833,30 Meter iwwer dem Mier, an d'Reegelhéicht ass 830,0 m. D'Mauer ass 58,5 Meter héich, an d'Krounelängt ass 185 Meter. De Bauvolume vun der Mauer ass 92.500 Meter Kibb, an am Séi sinn, wann e voll ass 7 Millioune Meter Kibb Waasser.

Iwwer d'Staumauer féiert eng Strooss, déi just breet genuch ass fir een Auto, an um rietsen Uwänner ass och just eng Sakgaass, mat e puer Parkplazen.

An der Entrée vun der Strooss fir iwwer d'Mauer ze fuere sti riets a lénks all Kéier eng Skulptur vun engem San Marco Léiw, déi aus wäissem Stee geha gouf.

Bei de Séi kënnt een iwwer d'Staatsstrooss SS51Bis vu Pieve di Cadore aus, an iwwer d'Regionalstrooss SR48 vu Cortina d'Ampezzo aus.

Um lénksen Uwänner leien d'Uertschaften Auronzo di Cadore, Santa Caterina a Villapiccola. De rietsen Uwänner besteet aus engem méi oder wéineger geien Hank, op deem Bëscher stinn. Ee Spadséierwee féiert duerch d'Bëscher laanscht de Séi. Op dee Wee kënnt een iwwer d'Staumauer, eng Bréck an der Mëtt vum Séi op der Héicht vu Villapiccola, an eng Bréck zu Auronzo.

Koordinaten: 46° 32’ 31’’ N 12° 27’ 28’’ O

Vu op de Séi