Stauséi Uewersauer

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Stauséi

De Stauséi Uewersauer ass d'Resultat vun der Konstruktioun vum Barrage Esch-Sauer am ieweschten Deel vum déif ageschniddenen Éisleker Sauerdall mat géien a mat Bësch bewuessenen Häng. De Stauséi, dee gréisstendeels vun der Sauer gefiddert gëtt, ass e wichtegen nationalen Drénkwaasserreservoir an ass d'Kärstéck vum Naturpark Uewersauer.

Geschichtleches[änneren | Quelltext änneren]

Ufanks vun den 1950er Joren huet d'Lëtzebuerger Regierung decidéiert datt fir d'Drénkwaasserversuergung op Fléisswaasser (Uewerflächewaasser) zréckgegraff soll ginn. Well et zu Lëtzebuerg keng grouss natierlech Séie gëtt, konnt d'Waasserversuergung just duerch e Staudamm geléist ginn. Den enke Flossdall vun der Uewersauer mat de fielsegen Uferen, an der wéineg bewunnter Regioun ouni Industrie war déi ideal Viraussetzung fir e kënschtleche Séi unzeleeën.

De Staudamm zu Esch-Sauer

D'Bauzäit vum Barrage mat senger 47 m héijer Boustaumauer huet knapps dräi Joer, vun 1955 bis 1957 gedauert. De Barrage, deen e gudde Kilometer flossopwäerts vun der Uertschaft Esch-Sauer läit, ass 1959 am Laf vum Joer eng éischt Kéier gefëllt ginn a sollt nieft der Produktioun vun Drénkwaasser nach Fräizäitaktivitéiten, d'Produktioun vun elektreschem Stroum an d'Regulatioun vun der Sauer erméiglechen.

1962 ass de Syndicat des eaux du barrage d'Esch-sur-Sûre, kuerz SEBES, gegrënnt ginn, deem seng Aufgab et ass d'Stauséiwaasser zu Drénkwaasser opzebereeden a schliisslech an d'Verdeelernetzer vun de verschiddene Gemengen anzespeisen. D'Opbereedungsanlage vun der SEBES, déi haut zirka 70 Prozent vun der Lëtzebuerger Populatioun mat Waasser versuergt, stinn zu Esch-Sauer.

Zweemol bis elo ass de Stauséi auslafe gelooss ginn, fir d'lescht am Joer 1991 wéinst Entretiensaarbechten un der Staumauer an dem Opriichte vun engem verstellbare Waasserentnametuerm fir d'SEBES-Opbereedungsanlag. Dësen Dispositif soll et erméiglechen d'Waasser a verschiddenen Déiften z'enthuelen, nodeem am Oktober 1986 gréisser Kéip vun Alge sech am Bett vum Stauséibaseng virun der Staumauer ofgesat haten. Beim Auslafe sinn deemools och nees eenzel Gemaier an Iwwerreschter vun de sechs Millen aus dem Dall an och déi al Sauerbréck zum Virschäi komm, déi zanter Enn vun den 1950er Jore vum Stauséi iwwerschwemmt gi waren.

Stauséi a Fräizäitgebitt[änneren | Quelltext änneren]

Virbarrage Misärsbréck beim Eidellafeloossen 1991

Matzen am Naturpark Uewersauer, ass den zirka 19 km laange Stauséi mat sengen dräi gréisseren Niewenäerm an engem Ëmfang vum 42 km, ouni Zweiwel dat wichtegst a landschaftsprägenst Stéigewässer vum Land. Bei maximaler Fëllung huet de Séi, deem säin Anzuchsberäich eng Fläch vu 428 km² huet, eng Déift vun 43 m, eng Fläch vun 3,8 km² an e Fassungsverméige vu ronn 60 Mio. Kubikmeter. Fir den Niveau vum Stauséi ze regelen an Dreifholz a Sandpartikelen opzefänken, si flossofwäerts vum Lieu-dit Misärsbréck an am Niewenaarm vu Béiwen zwéi Virbarrage mat enger Stauhéicht vun 9,6 respektiv 23 m gebaut ginn, déi och nach ënner dem Numm Barrage Misärsbréck a Barrage Béiwen bekannt sinn. Aus Waasserschutzgrënn ass d'Stauséigebitt an zwou Schutzzonen opgedeelt. An der Zon 1, déi vun der Staumauer bis zu der Uertschaft Lëlz reecht, sinn Aktivitéite mam direkte Kontakt vum Waasser z'ënnerloossen.

Eng ganz Rëtsch Fräizäit- a Waassersportméiglechkeete sinn am a ronderëm de Séi bannent der Schutzzon 2 méiglech. Am Alaf vum Séi bei der Misärsbréck, wou d'Waasser éischter niddereg ass, bidde sech gutt Konditioune fir vum Boot oder vum Bord aus ze fëschen. Am ënneschte Beräich vum Séi rondrëm de Fräizäitzenter Lëlz kënnt de Segeler a Surfer op seng Käschten, während de Schnorcheler an Daucher d'Ënnerwaasserwelt vun der versenkter Landschaft erfuersche kann. Motorbooter mat Verbrennungsmotore sinn um Stau net zougelooss, dofir kann een de Séi awer mam Kanu oder Kayak erueweren oder en Tour mam Solarboot maachen. D'Géigend ronderëm de Séi kann een zu Fouss, mam Vëlo oder Päerd op engem vun de ville Weeër kenneléieren oder sech op enge vun de Plagen zu Lëlz, Ënsber, Léifreg oder Baschelt gemittlech maachen.

Liewensraum Séi[änneren | Quelltext änneren]

De Stauséi Uewersauer ass och e Liewensraum fir eng Partie Fësch a Vullen. Am kille Waasser vum Séi liewen zum Beispill de Blénkert (Alburnus alburnus), d'Routa (Rutilus rutilus), d'Piisch (Perca fluviatilis) an den Hiecht (Esox lucius). Heefeg ass de Groräer (Ardea cinerea) an de Kormoran (Phalacrocorax carbo) un den Uwänner vum Séi ze gesinn, während de méi raren Äisvull (Alcedo atthis) niddereg a séier iwwer d'Waasseruewerfläch flitt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]