Staustuf Gréiwemaacher-Wellen

Vu Wikipedia
E Bléck an d'Schëffsschleis, riets dovun d'Bootsschleis

D'Staustuf Gréiwemaacher-Wellen (fr. Barrage-écluse de Grevenmacher) steet um Kanalkilometer 212,85 vun der Musel tëscht der lëtzebuergescher Uertschaft Gréiwemaacher an der däitscher Uertschaft Wellen.

D'Staustuf gouf vun 1962 bis 1964 am Kader vun der Kanaliséierung vun der Musel gebaut.

Elementer vun der Staustuf[änneren | Quelltext änneren]

Vum Lëtzebuerger Uwänner bis un déi Däitsch Säit komme follgend Elementer hannereneen:

  1. Eng Schëffsschleis fir grouss Schëffer: d'Schleisekummer ass 170 m laang an 12 m breet an huet eng Falhéicht vu 6,25 Meter. Den hydrostatesche Stauspigel ass bei 136,70 m (NG-L).
  2. Eng Bootsrutsch fir kleng Booter, z. B. Kayaken
  3. Eng Bootsschleis fir Sportsbooter
  4. E Wier mat:
  5. Enger Leeder fir Éilen bannen an engem Pilier an der Mëtt vum Wier
  6. Enger Fëschleeder
  7. Engem Lafwaasserkraaftwierk, dat vun der SEO bedriwwe gëtt.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Giuliani, Alfred, 1966: "Les centrales hydro-électriques de la Moselle." pp. 88–115 in: Le port de Mertert et la navigation de la Moselle. Société du port fluvial, Mertert.
right

Illustratiounen[änneren | Quelltext änneren]


Staustufen op der Musel
Neuves-Maisons - Villey-le-Sec - Toul - Fontenoy-sur-Moselle - Aingeray - Frouard-Pompey - Custines - Blénod - Pagny-sur-Moselle - Ars-sur-Moselle - Metz - Talange - Richemont - Thionville - Kœnigsmacker - Schengen-Opech Stadbriedemes-Palzem - Gréiwemaacher-Wellen Trier - Detzem - Wintrich - Zeltingen - Enkirch - St. Aldegund - Fankel - Müden - Lehmen - Koblenz