Steampunk

Vu Wikipedia
Desktop-PC am Steampunk-Design

De Steampunk ass eng gréisstendeels literaresch Gattung, an där eng dystopesch, dacks am viktorianeschen Zäitalter ugesidelt, kontrafaktesch oder virtuell Geschicht beschriwwe gëtt. Steampunk gëtt als eng Variant vun der Science-Fiction bezeechent an zielt allgemeng zur Kategorie vun den Alternativweltgeschichten. Méi nei Steampunkwierker ginn als Antithes zum Cyberpunk betruecht.

An der fiktiver Welt vum Steampunk huet d'Dampkraaft eng grouss Bedeitung, wéi an der richteger Geschicht. Net nëmmen Zich gi mat Dampmaschinne bedriwwen, mä och Computeren, Raumschëffer, Fligeren an aner fantastesch Maschinnen aus Koffer, Messeng oder Holz. Elektrizitéit gëtt dacks dofir benotzt, fir Mënschen ze heelen oder ze veränneren. Allgemeng huet d'Technik déi Méiglechkeeten, déi an der Mëtt vum 20. Joerhonnert vun der Atomkraaft erwaart goufen. An e puer Wierker vum Steampunk funktionéieren och Magie, Satanismus oder Geeschterbeschwierungen.

De Begrëff selwer gouf warscheinlech fir d'éischt vum K. W. Jeter benotzt, wéi hien en Enn vun den 1980er Joren an engem Bréif un de Locus Magazine als Genrebezeechnung virgeschloen huet.

Literatur – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer Literatur.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Steampunk – Biller, Videoen oder Audiodateien