Steckel

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Steckel war den Numm vun engem Deel vum Waarmwalzwierk vun der Diddelenger Schmelz. Et ass den Numm fir e spezifeschen Typ vu Waarmwalzstrooss, déi speziell Ariichtungen huet fir d'Temperatur vum Stol, dee gewalzt gëtt, ze kontrolléieren. Doduerch gëtt et méiglech, méi schwéier Stolrouleaue bei gläicher Qualitéit ze walzen.

De Steckel war jorelaang d'Häerzstéck vun der ARBED-Diddeleng. E war 1950/1951 gebaut ginn. Säin Enn koum den 13. Januar 1984 mat der Decisioun, d'Flëssegphase vun der Diddelenger Schmelz - Héichiewen, Stolwierk a Waarmwalzwierk - zouzemaachen, dat am Kader vun engem Synergie-Accord an der Stolkris tëscht der ARBED a Cockerill-Sambre, deen zu Val Duchesse bei Bréissel getraff gi war.

Déi lescht Schicht fir de Steckel war den 30. November 1984. De leschte Rouleau Walzblech ass um 12.10 Auer aus dem Wierk komm. De Steckel hat eng Capacitéit fir 745 000 Tonne Flaachstol am Joer ze walzen. 1982 waren et der effektiv awer just nach 465 000 Tonnen.

Quasi als Kompensatioun fir de Steckel gouf no 1984 e Kalwalzwierk zu Diddeleng gebaut, dat sougenannt CVC-Gerëscht. Et ass den 30. September 2005 ausser Betrib gaangen, wat dat definitiivt Enn vun der Siderurgie an der Forge du Sud bedeit huet.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]