Stee (Handel)

Vu Wikipedia

Eng Stee ass eng Zort vu Verkaf, bei där déi Persoun déi den héchste Präis gebueden huet, den neie Besëtzer vun der Saach gëtt, oder wéi bei Konzessiounen, der Juegd oder Verlounungen en Notzungsrecht kritt.

Et ënnerscheet een tëscht der normaler Stee, bei där e Proprietär eppes fräiwëlleg verkeeft, an der Zwangstee déi ofgehale gëtt, fir Scholden anzedreiwen. Normalerweis gi Steeën ënner der Opsiicht vun engem Nottär am Numm vum Besëtzer ofgehalen.

Si kënnen am Fall wou et sech ëm Saachen handelt déi vun engem Dierwiechter saiséiert goufen, och vum deem ofgehale ginn.

Eng wichteg Persoun bei der Stee ass de Riffer, deen d'Annonce vum niddregste Präis mécht, dee sech erwaart gëtt, an dann duerno muss oppassen, wie méi bitt. Wa kee méi matsteet, annoncéiert de Riffer de leschte Präis, an e seet wien dëse Präis gebueden huet. Dës Annonce gëtt dräimol gemaach éier den Zouschlag un de Meeschtbiddende geet.

Et gëtt doriwwer eraus Steeën, bei deenen den Zouschlag definitiv ass, an anerer, bei deenen d'Méiglechkeet besteet, fir an engem gewëssen Zäitraum nach eng besser Offer ze maachen.

Déi geleefegst Steeën zu Lëtzebuerg si Steeën, bei deenen Haiser oder Terraine verkaaft ginn, a wat ëmmer méi seele gëtt, d'Holzsteeën.

D'Steeën zu Lëtzebuerg ginn och ëmmer no dem Prinzip vum Verdeieren ofgehalen, Vente aux enchères genannt.

An anere Länner gëtt et och Steeën déi als Vente au Rabais ofgehale ginn, sou z. B. a Frankräich de Verkaf vum Holz, an op de grousse Mäert z. B. de Verkaf vu grousse Fëschquantitéiten oder Blummen. Bei deene fänkt de Riffer mat engem héije Präis un, a rifft dann déi nächst Präisser ënnendrënner op. Wann ee Keefer decidéiert ass fir zu engem bestëmmte Präis ze kafen, rifft en, wann de Riffer bei deem Präis ukomm ass Prends.

Besonnesch Steeë sinn nach déi, déi vu verschidde Boursë gemaach ginn, wéi z. B fir de Weess dee fir Broutfabrikatioun gebraucht gëtt. Déi Steeë gi schonn am Hierscht virum Joer vum nächste Karschnatz gemaach.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Steeën – Biller, Videoen oder Audiodateien