Steemusée zu Sprimont

Vu Wikipedia
Steemusée zu Sprimont
Land Belsch
Plaz Sprimont
Koordinaten 50° 30’ 17.94’’ N
      05° 39’ 54.46’’ O
Zweck Elektrizitéitswierk, Musée

De Steemusée zu Sprimont ass am alen Elektrizitéitswierk vun de Steekaule vu Sprimont. D'Gebai dat zanter 1988 als Monument historique klasséiert ass steet an der Rue J. Potier op N° 54.

Do gëtt een sou zimmlech alles gewuer wat sech am Laf vun der Zäit an de Steekaulen zu an ëm Sprimont ofgespillt huet.

De Musée ass op:

  • an der Woch vun 9 bis 12 a vu 14 bis 17 Auer.
  • Sonndes a Feierdeeg vun Ouschtere bis Allerhellegen: vu 14 bis 17 Auer.
  • Samschdes op Rendez-Vous fir ee Minimum vu 15 Leit.
  • Telefon: 0032 4 382 21 95
  • Mail: musee.pierre.sprimont@skynet.be

D'Geschicht vum Gebai[änneren | Quelltext änneren]

Am Ufank vum 20. Joerhonnert huet de Mathieu Van Roggen een Elektrizitéitswierk opriichte gelooss fir d'Maschinne vun de Steekaulen an den Ateliere kënnen unzedreiwen. Spéider gouf och d'Uertschaft vun do aus mat Stroum beliwwert. D'Generatricë goufe vun Dampmaschinnen, déi mat Kuele gehëtzt goufen, ugedriwwen.

Am Ufank vun den 1950er Joren huet d'ALE d'Stroumliwwerung fir d'Stéit zu Sprimont iwwerholl, méi spéit huet d'Wierk nach just Stroum fir d'Steekaule produzéiert bis an d'1970er Joren.

Du goufen aus den Halen Ateliere gemaach an e bësselche méi spéit hunn déi och opgehale mat funktionéieren, an d'Gebai ass sech selwer iwwerloos gi bis 1985, wéi ugefaange gouf de Musée dran anzeriichten.

D'Schminni vun der Zentral steet net méi, awer hanner dem Gebai sinn nach d'Ateliere vun der Léierbud ze gesinn.

Op der aner Stroossesäit funktionéieren nach Atelieren an enger gedeckter Hal aus dem Joer 1907. Dës Hal war laang Zäit déi eenzeg gedeckt Hal mat enger Kranebréck an der Hal. De Kran ass och nach vum Ufank vum 20. Joerhonnert.

D'Rue Potier, déi tëscht deenen zwou Plaze läit, ass mat héijen donkele Maueren aus décke Steng agegrenzt. Et ass een dréchent Mauerwierk.