Steen-Eisemeteorit

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Geschlaff a poléierte Pallasit, wou een d'Olivinkristallen an der Struktur vum Fe-Ni ka gesinn.

Steen-Eisemeteoritten, fréier och Siderolith genannt, maache mat ronn fënnef Prozent nëmmen ee klengen Deel vun alle Meteoritten aus. Si bestinn, wéi den Numm et undeit, aus enger Mëschung vu Silikat-Mineralen am fir Eisemeteoritte charakteristeschen Eisen-Néckelalliage. Si ginn a folgend Gruppen ënnerdeelt:

Am Kär vun de Pallasitte fënnt een zentimetergrouss, grénggielzeg Magnesiumräich Olivin-Kristallen, déi an eng metallesch Grondstruktur agebett sinn. Typescherweis läit d'Verhältnes vun Olivin a Metall bei ongeféier een zu zwee. Wann de Metallundeel méi héich ass gesäit ee, genee wéi bei den Eisemeteoritten, d'Widmanstätten-Strukturen. Si stame méiglecherweis aus der Grenzzon tëscht dem olivinräiche Mantel an deem duerch Eisen an Néckel dominéierte Kär vu fréieren Asteroiden. Déi aner Steen-Eisemeteoritten hu méi komplex Strukturen an Zesummesetzungen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie