Steierwon
Als Steierwon bezeechent een an der Eisebunnstechnik eng Voiture vun där aus de Mecanicien d'Lokomotiv vun der Ramm ka steieren. En erméiglecht et engem Zuch a béid Richtungen ze fueren ouni datt dat dreiwent Element muss ëmgesat ginn.
Inhaltsverzeechnes |
Allgemenges [änneren]
- Fir datt den Zuch vum Steierwon aus ka gesteiert ginn, muss dee mat de Steierelementer vun der Lokomotiv verbonne sinn. Jiddwer Lokomotivtyp huet dobäi eng aner "Sprooch".
- Prinzipiell kann all Lokomotiv, souwuel elektrescher ewéi och dieselgedriwwener, vun engem Steierwon aus gesteiert ginn. Praktesch gi verschidde Loktype wéinst hirem Déngschtalter oder hirer Bestëmmung net mat Steierween synchroniséiert.
- E Steierwon, deen net benotzt gëtt, leeft ewéi eng normal Voiture.
- Eng Ramm déi mam Steierwon no vir gefuer gëtt ass international op 10 Voiturë limitéiert, fir de Bremswee ze minimiséieren. An Dromedar-Compositioun gefuer, kann sou eng Ramm deemno 20 Voituren hunn.
Forme vun Asaz [änneren]
Schlaange-Compositioun [änneren]
D'Schlaange-Compositioun ass de klasseschen Szenario bei deem den Zuch op engem Enn e Stéierwon, an um aneren Enn eng Lokomotiv huet. Wann zwou sou Rammen uneneegekrämpt ginn, gi béid Lokomotiven vum éischte Steierwon aus manövréiert.
Dromedar-Compositioun [änneren]
Eng Dromedar-Compositioun, och nach Sandwich-Compositioun genannt, ass den Szenario an deem eng Lokomotiv vun 2 Steierween encadréiert ass. An der Belsch gëtt eng Koppel InterCity-Zich tëscht Gouvy a Bréissel mat sou engem Zuch gefuer. D'CFL hate Versich mat hiren CFL-Dosto-Steierween an den CFL 4000 gemaach, hunn awer kee prakteschen Notze fir den Asaz vu sou enger Compositioun fonnt.
Asaz zu Lëtzebuerg [änneren]
Bei den CFL kommen Dosto-Steierween zesumme mat den CFL 3000 an CFL 4000 an den Asaz. Grenziwwergréifend fueren CFL Steierween an d'Belsch bis op Gouvy, Attem a Virton. Zu Spëtzenzäite kommen d'Steierween bis Tréier, Wittlich a Cochem.
Als eenzeg auslännesch Eisebunn setzt d'SNCF Steierween zu Lëtzebuerg an.
| Commons: Driving railway coaches – Biller, Videoen oder Audiodateien |