Stellan Rye

Vu Wikipedia
Stellan Rye
Gebuer 4. Juli 1880
Gestuerwen 14. November 1914
Frankräich
Nationalitéit Dänemark
Aktivitéit Filmregisseur, Dréibuchauteur

De Stellan Rye, gebuer de 4. Juli 1880 zu Randers an Dänemark, a gestuerwen de 14. November 1914 an engem Krichsgefaangenelager a Frankräich, war e Filmregisseur, Schauspiller an Dréibuchauteur.

No enger kuerzer militärescher Carrière huet de Rye eng Zäitchen Theater gespillt. Säin Dréibuch fir dem Wilhelm Gluckstadt säi Film Det Blaa Blood ("Dat blot Blutt") vun 1912 huet den Hanns Heinz Ewers sou iwwerzeegt, datt hien de Rye op Berlin geholl huet fir säi Roman Der Student von Prag 1913 ze verfilmen; et geet doran ëm en Theema, dat den expressionistesche Film nach vill sollt beschäftegen: den Doppelgänger. Dem Rye seng, fir déi Zäit, famous Technik koum 1914 a sengem nächste Film Das Haus ohne Tür nach méi däitlech eraus.

Seng Filmer[änneren | Quelltext änneren]

Als Regisseur[änneren | Quelltext änneren]

  • Gendarm Möbius (1914)
  • Der Ring des schwedischen Reiters (1914)
  • Der Flug in die Sonne (1914)
  • Kadra Sâfa (1914)
  • Bedingung - Kein Anhang! (1914)
  • Erlkönigs Töchter (1914)
  • Die goldene Fliege (1914)
  • Das Haus ohne Tür (1914)
  • Der Prinzenraub (1914)
  • Die Eisbraut (1913)
  • Die Augen des Ole Brandis (1913)
  • Der Student von Prag (1913)
  • Evinrude (1913)
  • Ein Sommernachtstraum in unserer Zeit (1913)

Als Schauspiller[änneren | Quelltext änneren]

  • Der Sängerkrieg im Löwenkäfig (1914)

Bicher zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

  • Drexler, Peter: Geheimnisvolle Welten: Der Student von Prag (1913). Am: Fischer Filmgeschichte, Bd.1, erausgi vum W.Faulstich an dem H. Korte, Frankfurt/M, 1994, S.219-232
  • Tybjerg, Casper: The Faces of Stellan Rye. Am: A Second Life. German Cinema´s First Decades, erausgi vum T. Elsaesser, Amsterdam, 1996, S.151-159

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]