Stellarstatistik

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Stellarstatistik ass en Deelgebitt vun der Astronomie a beschäftegt sech mat dem Opbau vu Stäresystemer, mat hire Bewegungsverhältnesser am Kär an hirer Verdeelung am Raum.

Bei Honnerte vu Milliarde Stären an engem Stäresystem ass et net méiglech, fir all Eenzelobjet Vitesse a physikalesch Eegeschaften eenzeln z'ënnersichen. Dofir ass et noutwendeg, e statistescht Verfahren anzesetzen, fir mëttel Eegeschafte vu Stäregruppen ze ënnersichen.

Grondlag vun der Stellarstatistik sinn d'Stärekataloge, déi ëmmer eng grouss Zuel vu Stären notéiren. Et wielt ee Gruppen eraus mat eenheetleche physikaleschen Eegeschaften (zum Beispill absolut Hellegkeet) an ermëttelt hir Zuel pro Flächeneenheet. Déi sou bestëmmten Stärenzuel mécht d'Grondlag vun den Ënnersich an der Rumm vun der Stellarstatistik.

D'Ënnersiche vun alle Stäre, déi visuell um Himmel ze gesi sinn, ass och net méiglech. Déi verbessert Observatiounsmethode bauen d'Grenzen vum visuelle Beräich am Raum weider aus (Visuell Magnitude).

Op den Erkenntnesser vun der Stellarstatistik berouen ë.a. d'Erkenntneser zum Mëllechstroossesystem. Do konnt den Opbau erkläert ginn. Vill zu der Stellarstatisitk huet ënner anerem de Karl Schwarzschild bäigedroen.

[änneren] Literatur

  • Rudolf Kurth: Introduction to stellar statistics. Pergamon, Oxford 1967
  • G. Jogesh Babu, Eric D. Feigelson: Astrostatistics. Chapman & Hall, London 1997, ISBN 0-412-98391-5
  • Jasper Wall, C. R. Jenkins: Practical statistics for astronomers. Cambridge University Press, Cambridge 2003, ISBN 0-521-45416-6
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen