Stengeforter Poststatioun

Vu Wikipedia

D'Poststatioun zu Stengefort gouf ëm 1680 opgemaach, wéi Thurn & Taxis d'Postlinn Bréissel - Atert - Lëtzebuerg - Tréier a Betrib geholl huet.

Net wäit ewech vun der Bréck iwwer d'Äisch gouf riets a lénks vun der Areler Strooss e Postrelais mat Niewegebaier a Ställ opgeriicht. Voll funktiounsfäeg war dat Ganzt vu 1743 un, wéi d'Haaptpostgebai un deem 55 Joer gebaut gouf fäerdeg war. D'Statioun huet bis 1828 funktionéiert.

Wéi 1967 d'Areler Strooss méi breet gemaach gouf, sinn d'Gebaier ofgerappt ginn.