Stephan Beissel

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Stephan Beissel (Karl Christian Stephan Hubert Beissel), gebuer den 21. Abrëll 1841 zu Oochen, gestuerwen den 31. Juli 1915 zu Valkenburg, war en däitsche Jesuit a Konschthistoriker.

No sengen Theologiestudien zu Bonn an zu Münster gouf de Stephan Beissel 1864 zu Köln zum Priister geweit. 1871 ass hien an de Jesuitenuerden agetrueden. Vun 1877 bis 1880 huet de Beissel sech a Frankräich an an England opgehalen, déi meescht Zäit huet hien awer an Holland verbruecht.

De Beissel, deen zanter 1880 Mataarbechter vun der Zäitschrëft Stimmen aus Maria Laach war, huet awer och eng Zäit zu Lëtzebuerg am Schrëftstellerheem vun de Jesuiten um Lampertsbierg gelieft.[1]

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Geschichte der Trierer Kirchen, ihrer Reliquien und Kunstschätze. Trier, Paulinus-Druckerei, 1887-1889. [1]
    • Bd. 1: Gründungsgeschichte. 240 S.
    • Bd. 2: Zur Geschichte des hl. Rockes. 324 S.
  • Geschichte der Verehrung Marias in Deutschland während des Mittelalters: ein Beitrag zur Religionswissenschaft und Kunstgeschichte. Freiburg i. Br., Herder, 1909. XI, 677 S. [2]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • DBE, 1995. Beissel, (Karl Christian) Stephan (Hubert). In: Deutsche Biographische Enzyklopädie (DBE). Bd. 1. München, K.G. Saur, S. 406.
  • Bautz, F.W., 1990. Beissel, Stephan. In: Biographisch-Bibliographisches Kirchenlexikon (BBKL), Band I, Sp. 468.

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. E. Krier, 1994. Das Schriftstellerheim der deutschen Jesuiten in Luxemburg. Hémecht 46 (1), S. 265.