Stephan El Shaarawy

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Stephan El Shaarawy

Spillerinformatiounen
Vollen Numm Stephan Kareem El Shaarawy
Gebuertsdag 27. Oktober 1992
Gebuertsplaz SavonaItalien
Gréisst 180 cm
Positioun Stiermer
Veräiner an der Jugend
2006-2010 CFC Genua
Veräiner als Aktiven1
Joer Veräin Matcher (Goler)
2008-2011
2010-2011
2011-
CFC Genua
Calcio Padova (geléint)
AC Mailand
3 (0)
25 (7)
41 (16)
Nationalekipp2
2012- Italien 3 (1)

1 Nëmme Liga-Matcher.
 Stand: 16. Februar 2013
2Stand: 6. Februar 2013

De Stephan Kareem El Shaarawy, gebuer de 27. Oktober 1992 zu Savona an Italien ass en italieenesche Foussballspiller.

Carrière[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

De Stephan El Shaarawy huet vun 2006 bis 2010 an der Jugendekipp vum CFC Genua gespillt. Den 21. Dezember 2008 hat hien am Alter vu 16 Joer säin Debut an der Serie A am Spill CFC Genua géint Chievo Verona, wéi en an der 83. Minutt fir de Boško Janković agewiesselt gouf. Am Juni 2010 gouf en dem Zweetligiste Calcio Padova mat engem Joresvertrag verlount. Padova krut och eng Option fir e stännege Kontrakt.

Fir d'Saison 2011/12 ass den El Shaarawy zu 50% bei den AC Mailand gewieselt. Am Géigenzuch ass den Alexander Merkel op derselwecheter Basis bei den CFC Genua gewieselt. Säin Debut fir Mailand huet hien den 1. September 2011 am Testspiel géint Como (2:1) absolvéiert. Enn Juni 2012 gouf de Veräi bekannt, datt en déi aner 50 % vun den Transferrechter kaaft huet.

Den El Shaarawy war bei der U-17-Foussball-Europameeschterschaft 2009 an Däitschland dobäi, bei där e mat der italieenescher Ekipp an d'Halleffinale koum.

De 15. August 2012 hat e säin Debut an der italieenescher Nationalekipp an engem Match géint England.