Stephansdoum

Vu Wikipedia

An dësem Artikel geet et ëm de Stephansdoum zu Wien. Fir de Passauer Doum, kuckt wgl. Stephansdoum (Passau).


Stephansdoum

De Stephansdoum um Wiener Stephansplatz (1. Bezierk) ass zanter 1365 Doumkierch (Sëtz vun engem Doumkapitel), zanter 1469/79 Kathedral (Bëschofskierch) an zanter 1723 Metropolitankierch vum Äerzbëschof vu Wien.

Den Doum, dee vun de Wiener och Steffl genannt gëtt, gëllt als e Symbol vu Wien.

D'Gebai ass 107 m laang a 34 m breet. Den Doum ass eent vun de wichtegste gotesche Gebaier an Éisträich; Deeler vum spéitromanesche Bau vun 1230/40-1263 sinn och haut nach erhalen. Den Doum huet véier Tierm: den héchsten dovun ass de Südtuerm mat 136,4 m, den Nordtuerm gouf net fäerdeggebaut an ass nëmmen 68 m héich. Lénks a riets vum Haaptagank sinn déi zwéin Heedentierm, déi zirka 65 m héich sinn. Am fréieren Éisträich-Ungarn duerft keng Kierch méi héich wéi de Südtuerm gebaut ginn. Sou gouf zum Beispill den Neien Doum zu Linz zwéi Meter méi kleng gebaut.

De Südtuerm ass en architektonescht Meeschterwierk vun der deemoleger Zäit - trotz senger impressionnanter Héicht ass d'Fëllement nëmmen 1,5 m déif. Ausserdeem steet den Tuerm komplett fräi an ass net mam Haaptkorpus vun der Kierch verbonnen. Am Südtuerm hänken 18 Klacken, vun deenen der nëmmen 13 a Funktioun sinn, an d'Haapt-Lautwierk vum Stephansdoum sinn. D'Pummerin selwer, eng vun de gréisste Klacken an Europa, hänkt am Nordtuerm ënner enger - am Géigesaz zu der gréisstendeels gotescher Kierch - barocker Tuermhauf.

Baugeschicht[änneren | Quelltext änneren]

Usiicht a Grondrëss, 1891

Op der Plaz vun der Kierch schéngt schonn am Fréimëttelalter e Kierfecht gewiescht ze sinn, verschidde Gebaier sinn archeologesch geséchert. Den Ufank vum Doum geet op d'Joer 1137 zeréck, aus deem den Tauschvertrag von Mautern tëscht dem Maarkgrof Leopold IV. an dem Bëschof vu Passau iwwerliwwert ass.

Dobäi goufe Lännereien ausgetosch, fir et dem Bëschof z'erméiglechen, baussent der deemoleger Stad eng Kierch ze bauen, déi dem hellege Stephan geweit si sollt - dem Patréiner vun der Bëschofskierch vu Passau. Déi aner Kierchen am deemolege Wien waren d'Ruprechtskierch an d'Péiterskierch a waren no Salzburger Hellege benannt - d'Patrozinium vun der Kierch war also e politescht Signal. Déi éischt Kierch gouf am Joer1147 fäerdeg a war fir déi deemoleg Stad vëlleg iwwerdimensionéiert - et konnt also schonn deemools Bestriewunge ginn hunn, fir si an eng Bëschofskierch ëmzewandelen. D'Kierch ass no Osten op de Sonnenopgank vum 26. Dezember 1137 ausgeriicht.

Tëscht 1230-1245 ass e weidere spéitromanesche Bau entstanen, vun deem d'Westwierk erhalen ass. Dat besteet aus den zwéin Heedentierm an dertëscht der Risepaart. Den Ursprong vu béiden Nimm ass onkloer, Heedentierm kënnt vläicht vun de Steng, déi vun alréimesche Ruine geholl goufen, iwwer der Risepaart gouf d'Schank vun engem Mammut opgehaangen. Iwwer der Paart war en Herzogsduxall, deen deem vum Keeserstull vum Karel de Groussen zu Oochen an de Westduxäll vun de Keeserdoume geglach huet.

1258 ass e Feier ausgebrach. D'iewescht Stäck vun den Heedentierm goufen eréischt duerno gebaut. Déi feierlech Wei war am Joer 1263.

Tëscht 1304 an 1340 gouf e vergréisserte Chouer gebaut, elo schonn am gotesche Stil. No den Herzogen Albrecht I. an Albrecht II., déi dës Bauten ugedriwwen hunn, schwätzt ee vum Albertinesche Chouer.

D'Herzogtum vum Rudolf IV. war an zweeërlee Hisiicht wichteg fir d'Kierch: 1359 gouf de Grondstee fir de goteschen Neibau vum Laanghaus geluecht, an et gouf ee vu Passau onofhängegt Doumkapitel ageriicht, well et och dem Rudolf net gelonge war, Wien zu engem Bëschofssëtz ze maachen. Dëst Doumkapitel hat en Allerhellegepatrozinium, wat zanterhier dat zweet Patrozinium vum Doum ass.

De Südtuerm konnt 1433 fäerdeggestallt ginn. D'gotescht Laanghaus gouf nach virun 1474 fäerdeg, et ass wéi d'Schuel vun enger Ënn ronderëm d'romanescht Laanghaus gewuess, wat dunn 1430 konnt ofgebrach ginn. Zu der selwechter Zäit gouf och den Daachstull fäerdeg; d'Awëlbung vum Laanghaus gouf 1446 ënner dem Baumeeschter Hans Puchsbaum ugefaangen.

Wien gouf 1469 zum Bistum erhuewen, an de Stephansdoum eng Kathedral.

1450 huet de Friedrich III. de Grondstee fir den Nordtuerm geluecht, an enger Legend no gouf de Wäin vun engem ganze Joergang als Bannmëttel benotzt. Dësen Tuerm war awer scho vill ze grouss a vill se prunkvoll konzipéiert, zemools d'Zäit vun de gotesche Kathedralen op en Enn gaangen ass. D'Bauaarbechte ware 1511 ofgeschloss, 1578 gouf op den Tuerm eng Renaissance-Hauf gesat, déi nom Baumeeschter Hans Saphoy Saphoy'sche Haube heescht.

Vue vum Klackentuerm op den Daach

Vun 1511 bis 1515 huet de Bildheeër a Baumeeschter Anton Pilgram D'Leedung iwwerholl, an huet ë. a. déi bekannte Kanzel geschaf, wou och säin Autoportrait ze fannen ass.

D'Bannenausstattung gouf 1647 barockiséiert, virun allem den Héichaltor vum Tobias Pock staamt aus där Zäit. Wärend der Tierkebelagerung vun 1683 gouf den Doum duerch tierkesch Kanounekugele beschiedegt. Aus de Kanoune vun de Belagerer gouf duerno déi grouss Klack, d'Pummerin gegoss.

1862 gouf d'Spëtzt vum Nordtuerm ofgedroen a mat enger Eisekonstruktioun verstäerkt nees opgebaut. Dëse Virgang huet missen e puermol widderholl ginn, well d'Spëtzt schif gi war. Déi verschidde Phase vun dësem Virgank sinn op den Aquarelle vum Rudolf von Alt ze gesinn.

D'Bommenugrëffer wärend dem Zweete Weltkrich an d'Kämpf am Stadgebitt wärend der Zäit vum Nationalsozialismus huet de Stephansdoum ouni gréissere Schued iwwerstanen. Wéi den 11. Abrëll 1945 zivil éisträichesch Plëmmer an de Geschäfter ronderëm de Steffl e Feier geluecht hunn, hunn d'Bränn an der Nuecht zum 12. Abrëll iwwergegraff, a sinn op den Doum iwwergaangen. Dobäi sinn den Daachstull an de Klackentuerm komplett ausgebrannt. D'Pummerin gouf bei dësem Groussbrand geneesou zerstéiert wéi déi wäertvoll Walcker-Uergel vun 1886 um Westduxall.

De Stephansdoum gouf direkt nom Krich nees opgebaut a konnt 1952 mat enger neier Pummerin nees seng Dieren opmaachen.

Vu Baussen[änneren | Quelltext änneren]

Vue vum Haapttuerm

Ofgesi vun den Tierm ass den Daach am opfällegsten. En erhieft sech 37,50 m iwwer dem Laanghaus an 25,30 m iwwer dem Chouer mat enger Längt vun 110 m. En ass mat zirka 230.000 Daachzille gedeckt, déi an engem Zickzackmuster arrangéiert sinn. Iwwer dem Chouer ass op der d'Südsäit de Wope vum Keeser Franz I., op der Nordsäit de Wope vun der Stad Wien an der Republik Éisträich.

Den Haapttuerm, wou ee bis op eng Héicht vun 72 Metern eropklamme kann, ass 137 m héich. En huet e quadratesche Grondrëss, deen duerch e raffinéiert Arrangement vu Giewelen an en Aachteck iwwergeet. Ënner der Spëtzt kucken zwielef Fialtiermercher eraus.

D'Haaptportal op der Westsäit, d'Risepaart, ass nach romanesch. Et ass an engem triichterfërmege Portal, wat nodréiglech op d'Plaz hin erweidert gouf. Hei si Relieffiguren agelooss, ënner anerem den Dornauszieher, eng Figur déi gelunge sëtzt, an e Riichter duerstellt.

D'Portal selwer gëtt op all Säit vu siwen triichterfërmege Saile begrenzt, déi mat Planzemusteren dekoréiert sinn. Op de Kapiteller si Figuren, deels Apostelen an Helleger, deels Zeenen, déi schwéier ze deite sinn. Um Portal ass eng Duerstellung vun engem Christus Pantokrator (Christus als Weltenherrscher) ze gesinn, bei där ee Knéi fräi ass - dës Symbolik ass onkloer a gëtt mat den Opnamszeremonie vun de Bauhütten a Verbindung bruecht.

Säitlech sinn d'Singer- an d'Bëschofspaart, zwee gotesch Meeschterwierker: si sinn an engem Spatzbou arrangéiert an am Gewänn stinn Apostelfiguren. An der Mëtt sinn d'Statue vum Herzog Rudolf IV. a senger Fra Katherina vu Béimen. Am Tympanonfeld ass an der Singerpaart d'Liewensgeschicht vum Hellege Paulus an an der Bëschofspaart ass d'Liewensgeschicht vun der Helleger Maria festgehalen.

Zeeche vun der Resistenzbeweegung O5

Och bei den Tierm gëtt et Säitenagäng, am Norden d'Adlertor, am Süden d'Primglöckleintor. Direkt donieft läit auch d'supposéiert Graf vum Minnesänger Neidhart, an deem och d'Iwwerreschter vum spéidere Sänger Neidhart Fuchs gelant sinn - wéisou ass net kloer.

Den Numm Primglöckchentor kënnt op jiddwer Fall vum Neidhart, vun deem eng Beschreiwung vum Brauch erhalen ass, datt deen, deen dat éischt Primglöckchen am Fréijoer fënnt, e Joer laang eng éierevoll Positioun um Haff hat.

Op der Westsäit sinn haut nach déi deemools agerëtzt Zeeche vun der Resistenzbeweegung O5 ze gesinn, déi Resistenz géint den Nationalsozialismus geleescht huet. Si stinn haut ënner Denkmalschutz.

Vu Bannen[änneren | Quelltext änneren]

D'Laanghaus vum Doum besteet aus dräi Schëffer, wat hien als Stadparkierch ausweist. D'Haaptschëff ass op den Haaptaltor ausgeriicht, dat lénkst Säiteschëff huet e Marieprogramm, dat rietst Säiteschëff ass den Apostele gewidmet.

Altär[änneren | Quelltext änneren]

Mëttelschëff no Osten

Den Héichaltor vum Tobias Pock ass eent vun de bedeitendste Wierker vum Fréibarock an Éisträich. E stellt d'Stengegung vum Hellege Stephanus duer, am Hannergrond ass eng Mënschemass ze gesinn, an där aner Helleger representéiert sinn - en Hiweis op d'Allerhellegepatrozinium. A sengem Opbau gläicht en engem Hausportal, et ass vun dohier e Porta-Coelis-Altor.

Op de Sailen an un de Säiteschëffer sinn eng Partie aner Altär. De bedeitendsten ass de Wiener Neustädter Altor aus dem Joer 1447, deen de Schrëftzuch A.E.I.O.U. dréit, an dohier mam Keeser Friedrich III. a Verbindung bruecht gëtt. Et handelt sech em en typesch gotesche Fligelaltor. An der Predella (dem "Sockel") kommen nom Opmaache vum Fligel kleng Moosswierkfënstercher zum Virschäin, hanner deene Reliquien opgewahrt goufen. Op der Wierksdagssäit ass e komplizéierte Programm vun 72 Hellegen ze gesinn, bannen am Altor sinn zwou Schëtzarbechten, déi vergold goufen an déi Zeenen aus dem Liewe vun der Maria weisen.

Niewendru steet e Kenotaph vum Rudolf IV. a senger Fra, deen awer a ganz schlechtem Zoustand ass. Ursprénglech stoung de Kenotaph am Mëttelchouer an e Portrait vum Rudolf IV. houng driwwer.

Am Südchouer läit d'Graf vum Friedrich III. Et ass 8 Tonne schwéier an aus Marber vun Adnet. Op der Grafplack ass eng portraitähnlech Duerstellung vum Keeser, ronderëm sinn d'Wope vu senge Besëtztemer.

D'Reliefduerstellungen un de Maueren erënneren un déi vill Klouschtergrënnunge vum Keeser. De ganze Sarkopharg gouf tëscht 1463 an 1479 vum Niclaes Gerhaert van Leyden gemaach.

Portrait vun engem onbekannte Meeschter als Fënsterkucker ënner der Doumkanzel

Priedegtstull[änneren | Quelltext änneren]

E weidert Meeschterwierk vu spéitgotescher Plastik ass de Priedegtstull. E gouf laang Zäit dem Anton Pilgram zougeschriwwen, gëtt awer haut éischter mam Niclaes Gerhaert van Leyden a Verbindung bruecht. De Priedegtstullskuerf erhieft sech wéi eng stiliséiert Bléi aus dem Priedegtstullsfouss - d'gotescht Moosswierk gëtt hei zu eppes quasi floralem. Op dem Kanzelkuerf sinn d'Portraite vun de véier Kierchepäpp: Augustinus, Ambrosius, Gregorius an Hieronymus, déi gläichzäiteg déi véier Temperamenter oder véier Liewensaltere symboliséieren. D'Gelänner vun der Trap fir op de Priedegtstull setzt sech aus Rieder zesummen, engem Dräipass (dräimol ënnerdeelt), dee d'Dräifaltegkeet symboliséiert an engem Véierpass fir déi véier Kardinaltugenden. D'Gelänner ass mat Fräschen a Lurche dekoréiert, déi sech anenee verbäissen, a sou de Kampf tëscht Gutt a Béis symboliséieren. Um ieweschten Enn vun der Trap steet e klengen Hond aus Steen, deen oppasst, datt keen Déier un e Priedeger kënnt. Um ënneschten Deel vun der Trap sëtzt de Fenstergucker, de plasteschen Autoportrait vun engem onbekannte Meeschter.

Net wäit dovun ass en Uergelfouss - e Virsprong an deem ursprénglech eng Uergel stoung. Hei fënnt een och e plasteschen Autoportrait vum Anton Pilgram. Hien ass als Universitéitsprofesser mat Dokterhutt an Talar gekleet, an hält e Wénkelmooss an en Zierkel an der Hand. Ënner dem Portrait ass d'Joreszuel 1513 ze liesen.

D'Säitekapelle sinn d'Barbara- an d'Katharinenkapellen. D'Katharinekapell huet e Schlosssteen deen no ënnen hänkt. Hei steet och den Dafsteen aus dem Joer 1476, iwwer deem d'Dafkroun vun 1481 hänkt. Den Dafsteen huet en aachteckege Fouss. Am spéitgotesche Stil sinn hei d'Siwe Sakramenter, d'Evangelisten an Zeenen aus dem Liewe vu Christus duergestallt.

Nieft der Barbarakapell am Adlertor, engem nërdleche Säitenagank, steet de Kolomanisteen, op deem anscheinend den Hellege Koloman ermuert gouf, an den Zännwéiherrgott, e gotescht Miserikordiebild. Der Legend no hate sech Studenten iwwer hie lëschteg gemaach, well hien ausgesinn huet, wéi wann en Zännwéi hätt, wouropshin si selwer alleguer Zännwéi kruten.

Och am Westen nieft dem Haaptagank gëtt et Kapellen, an der Tirna- oder Savoyenkapell lénks nieft dem Agank ass d'Graf vum Prënz Eugen. Doriwwer läit d'Valentinskapell, wou d'Reliquie vum Doum opbewahrt ginn.

Souwuel banne wéi baussen ass d'Mauer vum Doum mat Epitaphe bedeckt. Si goufe vum Kierfecht ënner dem Doum geholl (dem Stephansfreithof), deen 1760 opgelooss gouf. Ënner hinne sinn ënner anerem Epitaphe fir den Humanist Johannes Cuspinianus, fir de Georg Slatkonia, den éischte Bëschof vu Wien, an de Géigereformator a Kardinol Melchior Khlesl.

Uergelen[änneren | Quelltext änneren]

Op der Westempor gesäit een eng Risenuergel, déi sechstgréisst Kierchenuergel vun der Welt, déi vun 1956 bis 1960 vum Wiener Uergelbauer Johann M. Kauffmann gebaut gouf. Si huet véier Manualer, 155 Register a ronn 10.000 Päifen, déi längst ass 12 m héich. Si ass schonn zu hirer Entstehungszäit eng vun de leschten Uergele mat elektropneumatescher Traktur. Beim Brand vum Doum 1945 gouf déi wäertvoll Walcker-Uergel aus dem Joer 1886 zerstéiert. Hir "kleng Schwëster"' kann een haut nach an der Wiener Votivkierch héieren.

Am südleche Säiteschëff steet déi nei Doumuergel vun 1991. No ville Joren huet den Doumorganist Peter Planyavsky d'Opstellung vun engem adequaten Instrument erreecht, wat d'musekalesch a liturgesch Uspréch erfëllt. D'éisträichesch Uergelbauanstalt Rieger huet 53 Register op 4 Manualer gebaut. D'modern Universaluergel besteet aus engem barocke Positiv a jee engem romantesche Schnellwierk an Haaptwierk. D'Klangkroun ass d'Solowierk mat Trompett, Clairon a Cornett.

D'Ostung vun der Kierch erméiglecht de Besicher op zwéi besonneschen Deeg am Joer mëttes e schéint Liichtspill nozekucken: ëmmer de 26. Dezember, dem Namensdag vum Kierchepatréiner, ass seng Ikon am Haaptaltor duerch d'Sonn beliicht; all 6. Januar, um Enn vun der Epiphanie an Dräikinneksdag, erstralen déi dräi Kroune vun den Hellegen Dräi Kinneken am Liicht.

Pummerin[änneren | Quelltext änneren]

Déi gréisst Klack, d'Pummerin, hänkt am Nordtuerm. Si ass déi gréisst Klack an Éisträich an déi zweetgréisst an Europa. Si gouf nom Zweete Weltkrich am Joer 1951 als Geschenk vum Bundesland Ueweréisträich aus dem Metall vun hirer Virgängerin erneiert. Si gëtt nëmmen zu Neijoerschdag an zu héije kathoulesche Feierdeeg gelaut.

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

  • Reinhard H. Gruber, a Robert Bouchal (Fotoen), Der Stephansdom - Monument des Glaubens, Stein gewordene Geschichte, Pichler Verlag, Wien 2005, ISBN 3-85431-368-3

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Stephansdoum (Wien) – Biller, Videoen oder Audiodateien