Sternenbote

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Sternenbote ass eng éisträichesch astronomesch Zäitschrëft, déi all Mount erauskënnt. Den Editeur ass den Astronomesche Büro zu Wien. De Sternenbote gouf am Abrëll 1958 vum Adolf Riehs gegrënnt a spéider vum Hermann Mucke bis haut weidergefouert. Dës astronomesch Schrëft erschéngt zanterhier mat typeschem Inhalt:

  • Haaptartikelen
  • Kuerzberichter, dorënner Sonnenaktivitéit
  • Ephemeriden, aktuell Koméiten asw.
  • Observatiounsberichter
  • Kalendarium
  • Buchvirstellungen
  • Manifestatiounshiweiser

Ënner den Auteure vun den Haaptartikele si vill Amateurastronomen a Wëssenschafter vum Themeberäich „Himmel und Weltall“.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]