Steve Fossett

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Steve Fossett, am Oktober 2004

Den James Stephen (Steve) Fossett, gebuer den 22. Abrëll 1944 zu Jackson (Tennessee), vermësst zënter dem 3. September 2007, an offiziell fir dout erkläert de 15. Februar 2008, war en US-amerikaneschen Aventurier.

Nodeems en et als Geschäftsmann zu Räichtum bruecht huet, gouf hie virun allem dofir bekannt, datt en als Éischte mat engem Waarmloftballon non-stop ronderem d'Welt gefuer ass. Hien ass och mat Seegelfligeren a Sportfligere geflunn. 2005 ass e mam GlobalFlyer aleng an ouni ënnerwee ze tanken a 76 Stonnen a 45 Minutte ronderëm d'Äerd geflunn.

Den 3. September 2007 ass en net méi vun engem Fluch erëmkomm. Nodeems en net erëmfonnt gouf, gouf en de 15. Februar 2008 offiziell fir dout erkläert.

Commons: Steve Fossett – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen