Steve Karier

Vu Wikipedia
Steve Karier
Gebuer 1. Juni 1961
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schauspiller

De Steve Karier, gebuer den 1. Juni 1961 zu Esch-Uelzecht, ass e lëtzebuergesche Schauspiller.

Karriär[änneren | Quelltext änneren]

No enger Schauspillausbildung op der Staatliche Hochschule für Musik und Darstellende Kunst zu Stuttgart, krut de Steve Karier 1984 säin éischten Engagement zu Basel, wou e bis 1988 bliwwen ass.

Nodeem hie sech e puer Joer als fräischaffende Kënschtler zu Köln, Luzern, Zürich, Wuppertal, Paräis, Bréissel, Avignon, Lëtzebuerg an zu Mailand Piccolo Teatro opgehalen huet, huet de Steve Karier sech op de Wee gemaach fir Tournéeën a Schweden, Dänemark, Italien, Ghana, de Vereenegten Arabeschen Emirater, Moldawien, de Kosovo an den USA.

Tëscht 1995 an 2000 hat hien e fest Engagement beim Schauspielhaus Bochum. Do stounge wichteg Rollen um Programm:

Zanter der Spillzäit 2002/2003 spillt de Karier beim Staattheater Mainz:

2003 huet de Steve Karier den integralen Text vum Renert opgeholl an d'Lauschterbuch ass op 3 CDe vum Nationale Literaturzentrum erauskomm.[1]

De Steve Karier ass zanter dem Hierscht 2006 nees zu Basel am Theater an huet bis elo do ënner anerem d'Titelroll am Sophokles sengem "Koenig Oedipus" gespillt.

Duerno koumen Haaptrollen an zaitgenëssesche Stecker an d'Roll vum "Präparator" am Horvàth sengem "Glaube, Liebe, Hoffnung". Am Summer 2009 verléisst de Steve Karier de festen Ensembel zu Basel a schafft erëm fräi.

Am Wanter 2010 Regie vun "Antigone" vum Sophokles am Kapuzinertheater, Lëtzebuerg, Bün Diane Heirend, Kostümer Katharina Polheim; 2011 Regie vun "Dämonen", Bün a Kostümer Diane Heirend, nees am Kapuzinertheater.

2011 an 2012 spillt de Karier och op de Ruhrfestpiele Recklinghausen, Regie Frank Hoffmann.

Am Summer 2010 grënnt hien de "Fundamental Monodrama Festival" zu Lëtzebuerg, en internationale Festival spezialiséiert op Soloperformancen an ass zanterhier Direkter vun deem Festival.

Am Dezember 2012 gouf de Renert op d'Affiche vum Kapuzinertheater gesat ënner der Regie vun der Anne Simon, woubäi de Steve Karier eleng op der Bün all d'Rollen interpretéiert huet.[2]

Weider Gaaschtspillreesen an de leschte Jore féieren de Steve Karier matt Monologen an de Vietnam an an Afrika, mat gréisseren Inszenéierungen zweemol op Däitschlandtournee an a Rumänien.

Ausserdeem hat hien eng Rei Masterklassen am Vietnam, an den USA an am Niger zanter 2012 a Liesungen.

2019 huet de Steve Karier den éischte Band vun der Harry-Potter Saga als Lauschterbuch op Lëtzebuergesch opgeholl. Hien huet Den Harry Potter an den Alchimistesteen an enger Opnam vun 9 Stonnen a 36 Minutte fir d'Kairos Edition enregistréiert.

Lescht Aarbechten op der Bün:

  • "Codename Ashcan", TNL, Regie: Anne Simon, Mai 2017/
  • "Out in Africa", TNL, Ruhrfestspiele Recklinghausen/Fundamental/Arcola Theatre London, Text a Regie: Mpumelelo Paul Grootbom (Südafrika)

Filmographie (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Feitler, Frank, 2012. Renert. De Fuuss am Frack an a Maansgréist / Michel Rodange. Programmheft, Atelier reprographique Ville de Luxembourg. 8 S. [Soloopféierunge vum Steve Karier am Kapuzinertheater am Dezember 2012. Reprisen am Februar 2013.]
  • Rodange, Michel, 2002. Michel Rodange - Renert oder de Fuuß am Frack an a Ma'nsgrëßt: Op en Neis fotografëert vun Engem Letzebreger. 1872. Tounausgab vum integralen Text an 3 CDen (199 Min.) + 1 Bichelchen. Centre national de littérature, Miersch, a Centre national de l'audiovisuel, Diddeleng. Spriecher: Steve Karier; Toun: Jean-Marie Spartz.
  • Migneco, Friederike. Ich bin aus dir gemacht und andere liebesgedichte, 1 CD (49 Min.), Spriecher: Steve Karier; Toun: Martin Engler; Edition Habermann, München an Zesummenarbecht mat der Kairos Edition, 2021, Lëtzebuerg.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Cf. Rodange 2002 an der Literatur.
  2. Cf. Feitler 2012 an der Literatur.