Steve Kayser
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Steve Kayser, gebuer de 16. Mee 1972 an der Stad Lëtzebuerg[1], ass e lëtzebuergeschen Historiker.
Hien huet eng Maîtrise an der Geschicht, déi en op der Université Paris Sorbonne-Paris IV gemaach huet.
Nodeems de Steve Kayser eng Rei Jore Geschichtsprofesser am Lycée technique de Bonnevoie war, gouf hien 2006 Direkter vum Centre de documentation et de recherche sur l'enrôlement forcé. Hien ass och Member vun der Spezialkommissioun, déi sech mat der Etude vun der spoliation des biens juifs am Lëtzebuerger Land (1940-1945) ofgëtt.
Bibliographie (Auswiel) [änneren]
- Schueberfouer - Déi Lëtzebuerger Traditioun zënter 1340, Editions Schortgen, 2007.
- Schueberfouer- eine Luxemburger Tradition mit europäischem Charakter, nos cahiers 2/3, 2008.
- Die Schausteller: Menschen und ihre Traditionen, nos cahiers, 2/3 2008.
- Nicht in die Betroffenheitspädagogik abgleiten, Interview vum Asko Schroeder mam Steve Kayser, dem Direkter vum CDREF, zum Thema Erënnerungspedagogik zu Lëtzebuerg, Lëtzebuerger Journal, Nr. 223, 18. November 2009.