Steven Weinberg (Biolog)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Biolog Steven Weinberg. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Steven Weinberg.
Steven Weinberg
Gebuer 22. Oktober 1946
Laren
Nationalitéit Holland
Aktivitéit Fotograf, Biolog, Schrëftsteller

De Steven Weinberg, gebuer den 22. Oktober 1946 zu Laren an der Provënz Nordholland, ass en hollännesche Biolog, Auteur a Fotograf, dee sech op d'Ënnerwaasserwelt an op d'Reese spezialiséiert huet. Hien ass Biologieprofesser op der Europäescher Schoul zu Lëtzebuerg.

Seng fotografesch Wierker goufen tëscht 1978 an 1985 op verschiddene Festivallen ausgezeechent (Festival de l'image sous-marine zu Antibes, Brest, Stroossbuerg, an Holland an a Spuenien).

Wann de Steven Weinberg net daucht, da reest en. Tëscht 2004 an 2007 ass en dem Längtegrad vu Greenwich tëscht de Shetland-Inselen a Ghana nogefuer[1]. Vun 2007 bis 2011 huet hien eng Weltrees mat senger Renault 4CV gemaach. Bis 2008 hat hien an de Schoulvakanzen d'Streck Paräis-Peking gepackt[2]. Den 11. Februar war hien zeréck zu Lëtzebuerg.[3]

Bibliographie[änneren | Quelltext änneren]

De Steven Weinberg ass Auteur vun 28 Bicher, 37 wëssenschaftleche Publikatiounen a vu méi wéi 450 Artikelen an der franséischer, däitscher an hollännescher Fachpress (Le monde de la mer, Océanorama, Apnéa, Océans, Plongeurs international).

  • Weinberg, Steven, 1992. Découvrir la Méditerranée. Éditions Nathan, Paris, France. 352 p. ISBN 2.09.260.663.8
  • Weinberg, Steven, Philippe Louis Joseph Dogué & John Neuschwander, 1993. 100 ans de photographie sous-marine. Alain Schrotter Éditions, Paris, France. 188 p. ISBN 2-909760-01-4.
  • Weinberg, Steven, Philippe Louis Joseph Dogué & John Neuschwander, 1993. Unterwasserfotografie. Hundert Jahre Geschichte, Technik, Faszination. Verlag Photographie AG, Schaffhausen, Suisse. 188 p. ISBN 3-7231-0032-5.
  • Weinberg, Steven, 1994. Découvrir l'Atlantique, la Manche et la Mer du Nord. Éditions Nathan, Paris, France. 384 p. ISBN 2.09.260.660.3.
  • Weinberg, Steven, 1994. Vie Océane - Les Jardins du Cinquième Jour. Éditions Nathan, Paris, France. 192 p. ISBN 2.09.284.810.0.
  • Weinberg, Steven, 1995. Das Leben im Ozean. Delius Klasing/Edition Naglschmidt, Bielefeld / Stuttgart, Allemagne. 192 p. ISBN 3-7688-0914-5.
  • Weinberg, Steven, 1996. Erlebte Unterwasserwelt. Mittelmeer. Delius Klasing / Edition Naglschmidt, Bielefeld/ Stuttgart, Allemagne. 352 p. ISBN 3-7688-0968-4.
  • Weinberg, Steven, 1996. Découvrir la Mer Rouge et l'Océan Indien. Éditions Nathan, Paris, France. 415 p. ISBN 2.09.260 662.X.
  • Weinberg, Steven, 1997. Erlebte Unterwasserwelt. Atlantik. Delius Klasing / Edition Naglschmidt, Bielefeld / Stuttgart, Allemagne. 384 p. ISBN 3-7688-1008-9.
  • Weinberg, Steven, 1998. Erlebte Unterwasserwelt. Rotes Meer-Indischer Ozean. Delius Klasing / Edition Naglschmidt, Bielefeld / Stuttgart, Allemagne. 421 p. ISBN 3-7688-1202-2.
  • Weinberg, Steven, 1999. De Atlantische Oceaan, de Noordzee en het Kanaal. Dominicus Onder Water / Uitgeverij Gottmer-Becht, Bloemendaal, Pays-Bas. 384 p. ISBN 90-257-3138-4.
  • Weinberg, Steven, 1999. De Rode Zee en de Indische Oceaan. Dominicus Onder Water / Uitgeverij Gottmer-Becht, Bloemendaal, Pays Bas. 415 p. ISBN 90-257-3139-2.
  • Weinberg, Steven, 2000. Découvrir la Mer des Caraïbes et l'Atlantique tropical. Éditions Nathan, Paris, France. 448 p. ISBN 2.09.260 661.1.
  • Weinberg, Steven, 2004. Découvrir l'océan Pacifique tropical. Éditions Nathan, Paris, France. 448 p. ISBN 2.09.260 664.6.
  • Weinberg, Steven, 2005. La Nationale 7 en 4CV. Éditions Pixel Press Studio, Bailly, France. 82 p. ISBN 2-9508829-2-7.
  • Weinberg, Steven, 2006. En 4CV dans les Alpes. Éditions Pixel Press Studio, Bailly, France. 82 p. ISBN 2-9508829-5-1.
  • Weinberg, Steven, 2007. Greenwich - parallèles sur le Méridien. Éditions Racine, Bruxelles, Belgique. 176 p. ISBN 978-2-87386-536-8.
  • Weinberg, Steven, 2008. Écologiquement vôtre ! Êditions Rol Schleich, Luxembourg. 256 p. ISBN 9-782959-984471. [mat méi wéi 450 faarwege Fotoen]
  • Weinberg, Edgar[4] & Steven Weinberg, 2009. Deux voyageurs pour Breslau / 1944-2004. Témoignage. 228 p. Éditions Publibook, Paris. ISBN 978-2-7483-4653-4.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. D'Rees laascht de Längtegrad vu Greenwich war tëscht dem 5. Abrëll an dem 18. Mee 2008 an der Ausstellung "Pôle Nord - Pôle Sud" um Parvis vun der Abtei Neimënster presentéiert ginn.
  2. Cf. Paris-Pekin op senger Websäit
  3. Einmal rund um die Welt: Von Luxemburg via Nordamerika, Japan und Eurasien nach Paris. Luxemburger Wort, Freideg den 18. Februar 2011, S. 22-23.
  4. Den Edgar Weinberg ass de Papp vum Steven Weinberg. Hie gouf 1944 op Auschwitz-Birkenau deportéiert an huet iwwerlieft. Sechs aner Familljemembere sinn net méi aus den Doudeslageren heemkomm. D'Buch ass eng Géigeniwwerstellung vun Auszich aus de Mémoire vum Edgar mat Berichter vum Steven iwwer dräi Reesen a Polen op de Spuere vu sengem Papp.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]