Steyr AUG
|
|||
| Steyr AUG | |||
|---|---|---|---|
| Typ | Stuermgewier | ||
| Nationalitéit | Éisträich | ||
| Ära | Modern | ||
| Geschicht | |||
| Datum vum Design | 1977 | ||
| Produktiounsperiod | vun 1978 bis haut | ||
| Serviceperiod | vun 1978 bis haut | ||
| Operatoren | kuckt am Text | ||
| Technesch Detailer | |||
| Typ | Stuermgewier | ||
| Kaliber | 5,56×45 mm NATO | ||
| Zielfernrohr | Vergréisserung 1,5 Mol | ||
| Längt vum Laf | 508 mm | ||
| Chargeur | 30 Schoss, 42 Schoss (fakultativ) | ||
| Action | Gasdrocklueder, Dréiverschloss | ||
| Schosskadenz | 650 rpm | ||
| Mündungsvitesse | 992 m/s | ||
| Gewiicht (eidel) | 3,6 kg | ||
| Längt | 790 mm | ||
| Varianten | A1, A2, A3, 9 mm, HBAR, Z | ||
| Am Ganze gebaut | n/a | ||
D'Steyr AUG (Armee-Universal-Gewehr) oder StG 77 ass en éisträichescht Stuermgewier. Et gëtt dovun eng hallef Dose Varianten: A1, A2, A3, 9 mm, HBAR (liicht Maschinnegewier) an Z (zivil Versioun, reng hallefautomatesch). Si sinn alleguerten am Kaliber 5,56×45 mm, ausser natierlech d'9 mm. D'Lëtzebuerger Arméi huet d'Varianten A1 an HBAR als Standard.
Enn der 60er, ufanks der 70er Joren huet d'Firma Steyr-Daimler-Puch bzw. Steyr Mannlicher mat der Entwécklung ugefaangen. 1977 huet d'éisträichesch Arméi sech decidéiert, d'Steyr AUG A1 als neit Stuermgewier bei sech anzeféieren, an ee Joer drop huet d'Produktioun dann effektiv ugefaangen.
D'Steyr AUG ass eng Bullpup-Konstruktioun, wat bedeit datt de Schacht vum Chargeur hannert dem Ofzuch läit. Dat erlaabt et, eng relativ kuerz Waff ze hunn, déi awer mat engem laange Laf equipéiert ass. Zum Verglach: d'Steyr AUG bréngt et mat 790 mm Gesamtlängt op e Laf vu 508 mm Längt, während déi däitsch G3 mat 1026 mm Gesamtlängt just op e Laf vu 450 mm Längt kënnt. Dat eenzegt negativt bäi där Konstruktioun ass, wann iwwerhaapt an dann och just fir Sammler, den e wéineg futuristesche Look.
De Kierper vun der Waff ass aus engem Anti-choc Haardplastikgemësch, dee se souwuel liicht wéi och robust mécht. Den ieweschte Grëff besteet aus enger optescher Lunette vun Tasco mat enger Vergréisserung vun 1,5. Optional kann een och an d'Plaz eng Mil. Std. 1913 Schinn kréien (bäi der A3 an der Z ass d'Schinn Standard).
D'Steyr AUG ass eng ganz zolidd Waff, déi ouni Problemer an alle méigleche klimateschen Zone gebraucht ka ginn. Esou fënnt ee se ausser an Éisträich an zu Lëtzebuerg och nach an Australien, Néiséiland, Irland, Dänemark, Marokko, Oman, Saudi-Arabien, Malaysia, Bolivien, Ecuador, der Falklands Islands Defence Force a bei ville Spezialunitéiten a Policecorpsen, wéi z. B. bäi der US Coast Guard.
Um Spaweck [änneren]
- Offiziell Säit bäi Steyr-Mannlicher
- Fotoe vun der Steyr AUG am Asaz bäim éisträichesche Bundesheer
- Beschreiwung bäi waffenHQ.de
- Beschreiwung bäi Modern Firearms & Ammunition
| Commons: Steyr AUG – Biller, Videoen oder Audiodateien |