Stillchen

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Am Stillchen

De Stillchen oder Lomperank ass dat lëtzebuergescht Wuert fir de Pranger, wéi en am däitsche Sproochgebrauch genannt gëtt. Et war den Numm vum Dispositif fir veruerteelt Persounen ëffentlech ze strofen, a vun der Plaz wou se virum Publikum gestrooft goufen. Well de Veruerteelten op deem Dispositif net nëmmen eleng am Stoen, mee och bei senger Strof duerch Streech, am Sëtzen ausgestallt gouf, gouf dat Instrument zu Lëtzebuerg de Stillchen genannt.

[änneren] Geschichtleches

Lëtzebuerg

An der Stad Lëtzebuerg stoung de Stillchen um Fëschmaart. E gouf do eréischt den 18. Juni 1879 ofgeschaf.

[änneren] Literatur

  • An der lëtzebuergescher Literatur geet am 3. Gesank vum Michel Rodange sengem Renert vum Stillchen Rieds, do wou et heescht:
    • Nu gitt an drot dës Buetscheft
    • Dem Renert op séng Buerg,
    • Datt, wann en net géif kommen,
    • Et géing em net méi duerch.
    • Da loossen ech e fänken,
    • Sai Schlass dat gët besat;
    • E gët gestrooft mam Stillchen,
    • Mam Gaalgen a mam Rad.
Commons: Pillories – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen