Stillchen

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Stillchen (Strof))
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Am Stillchen
Lomperank zu Ilmenau

De Stillchen oder Lomperank (de: Pranger) war en Dispositif fir veruerteelt Persounen ëffentlech ze strofen. Et war och den Numm vun der Plaz wou se virum Publikum gestrooft goufen.

Well de Veruerteelten op deem Dispositif net nëmmen eleng am Stoen, mä och bei senger Strof duerch Streech, am Sëtzen ausgestallt gouf, gouf dat Instrument zu Lëtzebuerg de Stillchen (klenge Stull) genannt.

Geschichtleches[änneren | Quelltext änneren]

An der Stad Lëtzebuerg stoung de Stillchen um Fëschmaart. E gouf do eréischt den 18. Juni 1879 ofgeschaf.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • An der lëtzebuergescher Literatur geet am 3. Gesank vum Michel Rodange sengem Renert vum Stillchen Rieds, do wou et heescht:
    • Nu gitt an drot dës Buetscheft
    • Dem Renert op séng Buerg,
    • Datt, wann en net géif kommen,
    • Et géing em net méi duerch.
    • Da loossen ech e fänken,
    • Sai Schlass dat gët besat;
    • E gët gestrooft mam Stillchen,
    • Mam Gaalgen a mam Rad.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Gutterhalene Stillchen zu Braine-le-Château
Commons: Pillories – Biller, Videoen oder Audiodateien