Stjerneborg

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Vu op Stjerneborg
Stjerneborg haut
Schematesch Duerstellung vun de Kellerräim

Stjerneborg war en Observatoire vum däneschen Astronom Tycho Brahe deen ënnerierdesch ugeluecht gouf. E louch zimlech no beim Observatoire vum Palais Uraniborg op der Insel Ven am Øresund. De kinnekleche Baumeeschter Hans van Steenwinckel den Eeleren huet Stjerneborg fir de Brahe am Joer 1586 gebaut.

De Brahe hat dem Observatoire de laténgeschen Numm Stellaburgi ginn. Den Numm bedeit Schlass vun de Stären. Den Observatoire war gréisstendeels ënnerierdesch ugeluecht, sou datt d'Instrumenter ënner de Sandschichten op festem Ënnergrond stoungen.

Ab der Stjerneborg waren folgend Instrumenter installéiert: E Quadrant mat 1,55 m Radius an eng equatorial Armillarsphär, mat där Wénkele mat bis zu enger Bouminutt Genauegkeet gemooss konnte ginn.

Déi ënnerierdesch Deeler goufen an de Joren 1950/51 ausgegruewen a spéider mat enger Kuppel iwwerbaut, an där zënterhier ëffentlech Multimedia-Virféierunge gemaach ginn.

[änneren] Literatur

  • Harry Manos: Tycho Brahe's Stjerneborg. In: The Physics Teacher, Bd. 41, Nr. 8, 2003, S. 469–471.

[änneren] Um Spaweck

Commons: Stjärneborg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen