Stockcar

Vu Wikipedia
Stockcar zu Alzeng
lëtzebuergesche Stockcarsauto aus der Klasse I no enger Course

Stockcar oder Stock-Car bezeechent zwou ënnerschiddlech Motorsportaarten:

  • am engleschspoochege Raum bedeit de Begrëff ursprénglech Autoscoursse mat Serienautoen;
  • am däitschsproochege Raum bedeit de Begrëff "Stockcar" eng Zort vun Autoscourssen, bei där Drängelen a Kollisiounen erlaabt a souguer ausdrécklech erwënscht sinn.

Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Schonn an den 1950er-Joren ass och zu Lëtzebuerg Stockcar gefuer ginn, deemools op de Strecken zu Bruch[1] a Miedernach[2]. 1968 gouf déi national Federatioun Fédération Luxembourgeoise du Stock-Car (kuerz FLSC) gegrënnt.

Haut ginn zu Lëtzebuerg d'Courssen ofwiesselnd op dräi Strecken zu Alzeng, Schëtter a Bëschdref gefuer. Pro Saison gi grondsätzlech siwe Coursse gefuer, déi ofwiesselnd vun engem vun de Rennställ oder der FLSC selwer organiséiert ginn. Fir d'Saison 2013 waren am Ganzen 9 Rennställ bei der FLSC ugemellt. Déi hate follgend Startnummeren a Veräinsfaarwen:

  • 00-09 & 100-109: Stock-Cars-Club Kayl (wäiss & rout)
  • 10-19 & 110-119: Les Diables Rouges Dudelange (rout & wäiss)
  • 20-29 & 120-129: Senator Team Béiwen/Atert (hellblo & wäiss)
  • 30-39 & 130-139: Moonshiners Racing Team (raschtbrong & wäiss)
  • 40-49 & 140-149: Tornado Team Hamm (kinneksblo, rout & wäiss)
  • 60-69 & 160-169: Motorsport Club the Dukes (orange, wäiss & schwaarz)
  • 70-79 & 170-179: The Black Beasts Luxembourg (schwaarz & wäiss)
  • 80-89 & 180-189: Stock-Car Team Power Bull's (Waldbëlleg) (sëlwer-gro, rout & schwaarz)
  • 90-99 & 190-199: Motorsport-Club Kayl (schwaarz & giel)

2014 goufen aacht Coursse gefuer. Fir d'Saison 2014 sinn 10 Rennteame bei der FLSC ugemellt. Déi hu follgend Startnummeren a Veräinsfaarwen:

  • 00-09 & 100-109 & 200-209: Stock-Cars-Club Kayl (wäiss & rout)
  • 10-19 & 110-119 & 210-219: Les Diables Rouges Dudelange (rout & wäiss)
  • 20-29 & 120-129 & 220-229: Stock-Cars an Auto-Cross-Club Béiwen/Atert (hellblo & wäiss)
  • 30-39 & 130-139 & 230-239: Moonshiners Racing Team (raschtbrong & wäiss)
  • 40-49 & 140-149 & 240-249: Tornado Team Hamm (kinneksblo, rout & wäiss)
  • 50-59 & 150-159 & 250-259: Auto-Cross & Stock-Car-Team Olsen (enzian-blo & wäiss)
  • 60-69 & 160-169 & 260-269: Motorsport Club the Dukes (orange, wäiss & schwaarz)
  • 70-79 & 170-179 & 270-279: The Black Beasts Luxembourg (schwaarz & wäiss)
  • 80-89 & 180-189 & 280-289: Stock-Car Team Power Bull's (Waldbëlleg) (sëlwer-gro, rout & schwaarz)
  • 90-99 & 190-199 & 290-299: Motorsport-Club Kayl (schwaarz & giel)

Gefuer gëtt an zwou Klassen:

  • Klass I - bis 2800 cm³, nëmmen op zwee Rieder gedriwwen: Et ginn zwou Eliminatoirë mat 20 Ronne gefuer, bei deene sech déi jeeweils 10 éischt Pilote fir d'Finall qualifizéieren. Duerno ginn, jee no Entscheedung vum Organisateur, een oder zwéin Hoffnungsleef mat 15 Tier gefuer, aus deene sech weider aacht Chauffere fir d'Finall qualifizéieren. Bei der Finall ginn am Ganze 25 Ronne gefuer.
  • Klass II - bis 2000 cm³, nëmmen op zwee Rieder gedriwwen: Hei ginn zwéin Entscheedungsleef mat 15 Ronne gefuer, d'Punkte vun dëse Leef ginn addéiert. Déi éischt 28 Chauffere gi fir d'Finall qualifizéiert.[3]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Websäite vu Verainer[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. In Memory of Stock-Cars-Team Medernach (PDF)
  2. www.stock-car.lu - Reportagen Gearchiveerd op 2014-07-14. Gekuckt de(n) 2013-12-27.
  3. FLSC:Rennreglement 2002, Editioun 2013 (PDF)