Stol (Film)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Film. Fir d'Material, kuckt wgl. Stol.
Stol
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Première 1998
Dauer 75 min
Originalsprooch Lëtzebuergesch
Ekipp
Regie Claude Lahr
Dréibuch Claude Lahr
Fotografie Michel Houssiau
Musek Jeannot Sanavia
Produzent Claude Waringo
Produktiouns-
gesellschaft
Samsa Film
Schauspiller
Paul Kieffer (Off-Stëmm)
Christian Kmiotek (Off-Stëmm)
Jeannot Landa (Off-Stëmm)
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Stol ass en Documentaire vum Claude Lahr iwwer d'Geschicht vun der Lëtzebuerger Stolindustrie.

Ëm wat geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]

D'Geschicht vun der Lëtzebuerger Stolindustrie gëtt vun hiren Ufäng, ëm 1870 bis an d'1990er Joren, unhand vu Fotoen, Documentaire-Opnamen, Ausschnëtter aus Tëleesnoriichten a (fiktive) Bréiwer, déi vun enger Off-Stëmm gelies ginn, erzielt.

Produktioun[änneren | Quelltext änneren]

Fir d'Entwécklung vum Film krut Samsa Film 1993 e Subside an Héicht vun enger Millioun Lëtzebuerger Frang vum Lëtzebuerger Filmfong.[1] 1995 koum dunn eng weider finanziell Hëllef vun 8 Millioune Frang fir d'Produktioun dobäi,[2] an 1998 eng "Aide à la distribution" vun enger Millioun Frang.[3]

Wärend der Recherche fir de Film huet de Regisseur Claude Lahr eng ganz Rei Filmmaterial vun der Arbed aus den 1920er Joren erëmfonnt. Déi waren an engem schlechten Zoustand a goufen du vum CNA restauréiert.[4] Ee vun de restauréierte Filmer gouf 1997 ënnert dem Titel Vu Feier an Eisen bei véier ëffentleche Projektiounen am Diddelenger Laminoir gewisen, a spéider op Kassett (VHS) verkaaft. De Luciano Pagliarini huet eng Musek fir dee Film komponéiert. Op där selwechter Kassett ass och en anere Film aus där Zäit ze fannen, Une grande industrie dans un petit pays, mat enger Musek vum Jacques Neuen.[5]

Stol gouf wärend der Woch vum Lëtzebuerger Dokumentarfilm gewisen, déi 1998 vu Samsa Film an dem CNA organiséiert gouf.[3]

1999 gouf de Film op Franséisch iwwersat.[6]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Rapport d'activité du Ministère des Affaires culturelles 1993, Mäerz 1994, Säit 70
  2. Rapport d'activité du Ministère de la culture 1995, Mäerz 1996, Säit 105
  3. 3,0 3,1 Rapport d'activité du Ministère de la culture 1998, Mäerz 1999, Säit 193 an 204
  4. Rapport d'activité du Ministère de la culture 1996, Mäerz 1997, Säit 108
  5. Rapport d'activité du Ministère de la culture 1997, Mäerz 1998, Säit 137 an 138
  6. Rapport d'activité du Ministère de la Culture de l'Enseignement supérieur et de la recherche 1999, Mäerz 2000, Säit 195