Stonn

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Stonn, vum alhéichdäitschen stunta „Stoen“, „Opethalt“, bezeechent de 24. Deel vun engem Dag. Dat laténgescht Wuert ass hora, dofir d'Zeechen „h“ oder „h“.

SI-Stonn [änneren]

Si ass eng Eenheet vun der Zäit. D'Eenheetszeechen ass h (laténgesch hora). Als gesetzlech Moosseenheet däerf si niewent der SI-Eenheet SI-Sekonn verwend ginn.

1 Stonn = 60 Minutten = 3600 (SI)-Sekonnen

D'Andeelung vum Dag an zweemol zwielef, also véieranzwanzeg Stonne geet zréck op d'Babylonier, déi d'Sexagesimalsystem gebraucht hunn. Déi babylonesch Stonnen waren zwar gläich laang, hunn awer bei Sonnenopgang ugefaangen, soudatt d'Moosszuel 12 Stonne jee no Joereszäit virun oder no Sonnenënnergang gefall sinn.


Well déi haiteg Atomaueren d'Zäit ganz genee miesse kënnen an d'Rotatiounsschnellegkeet vun der Äerd variéiert, gouf d'Stonn nei definéiert iwwer eng Sekonn, déi d'Atomzäit mat der astronomescher Universalzäit verbënnt.

Um Spaweck [änneren]

Commons: Stonn – Biller, Videoen oder Audiodateien