Stoubach

Vu Wikipedia
Stoubach
Vue vun de belscher Säit aus op d'Bréck an op déi däitsch Säit
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Däitsch Communautéit
Provënz Léck
Arrondissement Verviers
Gemeng Burg-Reuland
Koordinaten 50° 10’ 32.91’’ N
      06° 08’ 38.59’’ O
Telefonszon 080
Postcode 4790

Stoubach oder Stubisch wéi d'Leit vun do soen ass eng belsch Uertschaft an der Gemeng Burg-Reuland an der Provënz Léck. D'Uertschaft läit op der Our déi hei d'Grenz tëscht der Belsch an Däitschland mécht.

Op der däitscher Säit läit d'Uertschaft Stupbach (Gemeng Lützkampen, Landkrees Bitburg-Prüm). Et ass net vun ongeféier datt déi zwéin Nimm sech gläichen, well bis virum Éischte Weltkrich hunn déi zwou Uertschaften zum däitsche Keeserräich gehéiert an et war nëmmen een Duerf.

Nom Éischte Weltkrich gouf den Deel deen haut zu der Belsch géhéiert, grad sou wéi déi ganz Géigend vu Sankt Vith, Eupen a Malmedy un d'Belsch ugegliddert. Dat huet vill Gedeessems a Roserei fir d'Leit aus dem fréieren Duerf mat sech bruecht. Elo haten op eemol belsch Bauere méi Lännereien an Däitschland leie wéi an der Belsch, an ëmgedréint och.

Am Zweete Weltkrich huet den Hitler d'Kar erëm ëmgedréint an et war erëm alles däitsch fir fënnef Joer.

Duerno koum déi al Situatioun erëm, an d'Grenzkontrollen hunn d'Liewen tëscht den zwou Uertschaften net méi liicht gemaach. D'Leit aus den zwou Uertschaften hunn awer Méiglechkeete fonnt fir sech ze begéinen an dobäi ass och nach ferm geschmuggelt ginn. Eréischt duerch d'Schengener Ofkommes ass d'Grenz definif erëm opgaangen an de 27. September 2003 gouf dann och déi nei Bréck iwwer d'Our ageweit an domat d'Kommunikatiounsproblemer déi bestanen haten aus de Féiss geraumt.

Stoubach huet haut eng Awunnerzuel vu 24 Leit.

Bis zur belscher Gemengereform vun 1977 huet Stoubach zu der fréierer Gemeng Reuland gehéiert.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]