Strëmp

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Strëmp

Eng Strëmp ass e Gezei fir de Fouss. Et handelt sech dobäi ëm eng Zort stoftene Schlauch, deen zu den Zéiwen hin zou ass, an iwwert de Fouss gezu gëtt. D'Form ass dem Wénkel vum Fouss ugepasst, an et gëtt meeschtens keen Ënnerscheed tëscht dem rietsen an dem lénkse Fouss gemaach. Strëmp gëtt et a verschiddene Gréissten, Längen, Hierstellungsweisen a Materialien.

Strëmp hunn d'Funktioun, de Fouss waarm ze halen, Fiichtegkeet, déi duerch d'Schweessen entsteet, z'absorbéieren an d'Haut vum Fouss virum Schauteren am Schong ze schützen.

Strëmp gi gewéinlech bis un d'Wued. Méi laang Strëmp, déi bis uewen un d'Déckt vum Been ginn, gi meeschtens Dammestrëmp genannt (fr.: bas). Sinn dës uewen un enger Zort Box zesummegebitzt, schwätzt ee vun engem Collant. Kuerz Strëmp gi Soquetten oder Séckercher genannt.

Plazeweis besteet och nach den Ausdrock Huesen fir Strëmp.


Kuckt och [änneren]

Um Spaweck [änneren]

Commons: Strëmp – Biller, Videoen oder Audiodateien