Stralungsgläichgewiicht

Vu Wikipedia

D'Stralungsgläichgewiicht ass den Zoustand, deen en ofgeschlossent System vu stralende Kierper erreecht, wann all Kierper déi gläich Enntemperatur ugeholl hunn.

Den Zoustand gëtt erreecht duerch géigesäiteg Zoustralung an Absorptioun. D'Enntemperatur entsprécht dem Stralungsgläichgewiicht: jiddwer Kierper emittéiert geneesou vill Stralung wéi hien absorbéiert.