Streefeld

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Streeellips vun de Pultusk-Meteoritten

Als Streefeld gëtt e Gebitt bezeechent, an deem sech Meteoritte oder Tektitte als Resultat vun engem Impakt verdeelt hunn. Och Satellitten, déi beim Neesantrëtt an d'Atmosphär zerbriechen, kënnen e Streefeld mat Stécker hannerloossen. Eng heefeg opfonnte geometresch Form vum Streefeld ass déi sougenannten Streeellips. Si entsteet an aller Regel, well e Meteoroid an engem Wénkel op d'Äerd trëfft an an der Atmosphär zerbrëcht (fragmentéiert). Kleng Brochstécker hunen am Verhältnes zun der Uewerfläch eng méi kleng Mass a ginn dofir duerch de Loftwiderstand méi staark ofgebremst. Am Stéckerschwarm bleiwen déi kleng Deeler zréck a ginn am meeschten duerch de Want beaflosst. D'Brochstécker verdeelen sech an enger elliptescher Form, woubäi déi méi kleng Stécker am Ufank vun der Ellips falen, während déi gréisser Meteoritte d'Enn markéieren. Aus der Verdeelung vu Meteorittemassen an der Form vun der Streeellips kann d'Richtung an den Antrëttswénkel vum Meteoroid ongeféier rekonstruéiert ginn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Literatur a Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

  • Hills, J. G.; Goda, M. P.: The fragmentation of small asteroids in the atmosphere, 1993 (PDF);
  • Artemieva, N.; Pierazzo, E.: The Canyon Diablo impact event: Projectile motion through the atmosphere, 2009 2009.tb00715.x/abstract;
  • Ceplecha, Z.; Spurny, P.; Borovicka, J.; Keclikova, J.: Atmospheric fragmentation of meteoroids, 1993 [1];
  • Ceplecha, Z.; Revelle, D. O.: Fragmentation model of meteoroid motion, mass loss, and radiation in the atmosphere, 2005 [2];
  • Borovicka, J.; Popova, O. P.; Nemtchinov, I. V.; Spurn'y, P.; Ceplecha, Z.: Bolides produced by impacts of large meteoroids into the Earth's atmosphere: comparison of theory with observations. I. Benesov bolide dynamics and fragmentation, 1998 1998A%26A...334..713B;
  • Bronshten, Vitalij Aleksandrovich: Physics of meteoric phenomena, 1983, Lal, D.; Trivedi, J. R.: Observations on the spatial distribution of Dhajala meteorite fragments in the strewnfield, 1977 [3];
  • Dod, B. D.; Sipiera, P. P.: Review of the Plainview, Texas Meteorite Finds with Additional Data on Strewnfield Distribution Patterns, 1988 [4]