Streikmonument Déifferdeng

Vu Wikipedia
Streikmonument Déifferdeng
Typ Monument
Land Lëtzebuerg
Gemeng Déifferdeng
Plaz Déifferdeng
Adress Kräizung vun der Avenue Charlotte mat der Rue Pateur
Koordinaten 49°31'7,90"N, 5°53'18,89"O
Ageweit 1958
Kënschtler Claus Cito
Architekt René Fournelle

D'Streik-Monument zu Déifferdeng ass e Krichsmonument aus dem Claus Cito sengem Atelier aus dem Joer 1958. D'Pläng ware vum Architekt René Fournelle[1].

Et erënnert un de Streik vun 1942, deen ausgeruff gi war, nodeem de Gauleiter Gustav Simon d'Zwangsrekrutéierung vun de Lëtzebuerger jonke Männer vun de Joergäng 1920 bis 1924 an d'Wehrmacht dekretéiert hat.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Dépliant Circuit Claus Cito, Agence luxembourgeoise d'action culturelle; fir d'Austellung D'Gëlle Fra, 2010.