Streisand-Effekt

Vu Wikipedia
Dat Bild vun der Barbara Streisand hirem Haus zu Malibu, dat den Ausléiser vum "Streisand-Effekt" gouf.

De Streisand-Effekt ass e modernt Mediephenomeen, dat dora besteet, datt duerch de Versuch, eng Informatioun am Internet z'ënnerdrécken, ongewollt de Géigendeel antrëtt an déi Informatioun eng wäit Verbreedung fënnt. Et ass eng modern Erscheinungsform vum albekannte Phenomeen, datt eppes, wat zensuréiert gouf, doduerch eréischt richteg intressant gëtt a sech méi Leit dofir intresséieren, wéi wann et fräi zougänglech wier.

Den Numm geet op d'Sängerin a Schauspillerin Barbra Streisand zeréck, déi 2003 wollt eng Foto am Internet läsche loossen, op där (ë. a.) hiert Haus ze gesi war, an de Fotograf op Schuedenersaz verklot huet. D'Foto, eng vu ronn 12.000, war am Kader vun enger Dokumentatioun iwwer d'Küstenerosioun entstanen, an et gouf ufanks keen Hiwäis op de Proprietär vum Haus publizéiert. Duerch de Prozess krut d'Foto eng grouss Publicitéit, se gouf milliounemol gekuckt, doruechter kopéiert, asw. Virum Prozess war se just e puermol ugeklickt ginn. De Fotograf gouf fräigesprach.[1],[2]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Streisand-Effekt – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Barbra Sues Over Aerial Photos" The Smoking Gun, 2003-05-30
  2. californiacoastline.org.