Strooss vum Fridden

Vu Wikipedia
Lëtzebuergesch Statioune vun der Strooss vum Fridden:
1 Skulpturewee Bilschdref - 2 Skulptur zu Bauschelt - 3 Skulptur zu Eschduerf
4 Skulpturewee Lëlz - 5 Jardin de Wiltz - 6 Skulptur um site "Kaul" zu Wolz

D'Strooss vum Fridden ass e kënschtlereschen an humanistesche Projet, dee vum däitsch-jiddesche Moler, Sculpteur, Humanist a Pazifist Otto Freundlich (*1887 †1943) a vu senger Liewenspartnerin Jeanne Kosnick-Kloss ausgoung.

Si hunn an den zwanzeger Jore vum 20. Joerhonnert d'Iddi vun zwou Skulpturestroosse lancéiert, an engems och zu Éiere vum Paul Cézanne a vum Vincent van Gogh. Eng Strooss sollt an nord-südlecher Richtung lafen ("voie de la fraternité humaine"), déi zweet a west-ëstlecher Richtung ("voie de la solidarité humaine en souvenir de la libération").

Zu Auvers-sur-Oise (Île-de-France), um Schnëttpunkt vu béide Stroosse, sollt en héijen Tuerm opgestallt ginn, de "Liichttuerm vum Fridden an de siwe Kënscht".

D'Strooss vum Fridden zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg gëtt et 6 Plaze wou dës Iddi ëmgesat gouf (d'Nummeren entspriechen der Kaart):

  1. Skulpturewee zu Bilschdref - 1995-1996
  2. Bauschelt, beim Kierfecht: "7up for Peace", Skulptur vun der Marie-Josée Kerschen, Eechenholz, Héicht 1,46 - 2,41 m, 2007
  3. Eschduerf / Esch-Sauer: "Square forest at the crossroad", Skulptur vum Tomasz Domanski, Douglasholz, Fläch 5 × 5 m, Héicht 4 m, 2007
  4. Skulpturewee zu Lëlz - 1999
  5. Wolz, Jardin de Wiltz: "Sculpture-Fontaine", Skulptur vum Pit Nicolas, Stol, 3,0 × 2,0 × 2,5 m, 2007
  6. Wolz, an der "Kaul": "Spirituelle Reise / Weg zur Heilung und zum Frieden", Skulptur vun der Edmée Marth, 3 stole Skulpture vun (1,5 × 2,7 × 0,5 m), 2006

D'Nummeren 2, 3, 5 a 6 si véier nei Skulpturen am Kader vum Kulturjoer 2007.

Fotoalbum[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]