Struthiomimus
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Struthiomimus | |||||||||||||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
| Illustratioun vun engem Struthiomimus | |||||||||||||||||
| Systematik | |||||||||||||||||
|
|||||||||||||||||
| Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||||||
| Struthiomimus „Osborn“ 1917 |
|||||||||||||||||
| Aarten | |||||||||||||||||
De Struthiomimus ass eng Dinosaurieraart aus der Uerdnung vun den Echsebeckesaurier (Saurischia).
En huet am Zäitalter vun der Ieweschter Kräidepoch, méi genee am Maastrichtium a Campanium, virun 83 - 65 Millioune Joer, gelieft.
En hat e Gewiicht vun 150 bis 300 Kilo a war 2,4 m héich an 3,5 m laang. Et ass en Allesfrësser, dee wahrscheinlech Planzen, kleng Wierbeldéieren an Insekte gefriess huet. En hat en zimlecht grousst Gehir an huet an Träpp gelieft. Héchstwahrscheinlech war e mat 50 km an der Stonn ee vun de séiersten Dinosaurier.
Fondplaze vu Fossilie sinn Alberta (Kanada) an New Jersey (USA).
| Commons: Struthiomimus – Biller, Videoen oder Audiodateien |